Haut ass de Weltdag vun de seelenen Erkrankungen

Um haitege Méindeg, dem leschten Dag vum Februar ass den Dag vun de seelenen Erkrankungen.

Un dësem sougenannte „Rare Disease Day” riicht sech d’Ëffentlechkeet op Mënschen, hier Familljememberen an déi jeeweileg Bedürfnisser.

Dobäi gi weltwäit zuelräich Projeten an Initiativë lancéiert, bei deene Betraffen an hier Ënnerstëtzer dëse « seelenen Persounen » eng Stëmm an een Gesiicht kënne ginn.

Als « seelen » Erkrankung geet eng Krankheet bezeechent, déi esou seelen optrëtt, datt si an enger Praxis vun engem Allgemengmedezinner nëmmen eemol am Joer virkënnt. Wann iwwerhaapt. D’Krankheeten sinn dacks liewensbedreelech, och schränken si déi Betraffen enorm an hirer Liewensqualitéit an.

Dës ginn meeschtens duerch een Defekt an engem Gen verursaacht, och d’Behandlung selwer ass speziell. Dëse wichtegen Dag, deen och zur Sensibiliséierung bäidréit, ass déi éischte Kéier den 29. Februar zu Kanada an d’Liewe geruff ginn. Dobäi gouf bewosst ee Schaltjoer gewielt.

Dës weidere gëtt de Fokus och allkéiers op eng aner Krankheet geluecht. An dësem Kader fanne weltwäit Aktioune statt, déi d’Bewosstsinn vun der Ëffentlechkeet schäerfe soll. Opklärung ass wichteg an hëlt anengems d’Angscht virum Onbekannten.

Et ass immens wichteg, dëse Mënsche Plattformen unzebidden. Esou kënne Betraffener sech treffen a Familljememberen tauschen sech aus a fille sech an hirer Onsécherheet net méi eleng. Dobäi gëtt bewisen, datt déi Betraffen vu seele Krankheeten eng staark Gemeinschaft sinn – a fir déi selwecht Ziler kämpfen. An dat weltwäit.

Si kämpfe fir d’Liewen!

An der europäescher Unioun leiden hautdesdaags 36 Millioune Mënschen iwwer 6.000 ënnerschiddlechen a seele Krankheeten. Dorënner si vill Kanner an hirer Liewensqualitéit duerch chronesch Péng staark ageschränkt. Dës kënne souguer liewensbedreelech ginn.

An Europa heescht et, datt eng Krankheet zu der Kategorie « seelen » zielt, wann net méi ewéi 5 vun 10.000 Mënschen dovunner betraff sinn. Et ass et schwiereg, eppes iwwert d’Symptomatik, d’Ursaachen a Behandlungsméiglechkeeten ze wëssen. Leider verginn dofir dacks Joren, ier d’Krankheet uerdentlech diagnostizéiert ginn ass. An da gëtt déi opwenneg Behandlung a spezielle Fachzentren un. Meeschtens ass dësen Zentrum wäit vum bekannten Wunngebitt ewech. Fir d’Situatioun ze verbessere, setzt den Dag vun de « seelenen Erkrankungen » een Zeechen – fir eng besser Versuergung, méi Fuerschung an nach méi Solidaritéit tëscht de Mënschen.

Hei zu Lëtzebuerg kann ee sech bei dëser Associatioun informéieren a Betraffener kenneléieren.

Dernières nouvelles