Weltdag vum Kopplabunz: Och als Erwuessenen nees a Schwong kommen

Mam Weltdag vum Kopplabunz fënnt haut een aktiven a kuriéisen Aktiounsdag statt, deen net nëmme Kanner, mee och Erwuessene Freed bereede kéint. Dobäi huet alles mat engem Beitrag op engem Blog ugefaangen.

E Kopplabunz – op Däitsch „Purzelbaum“ a jee no regionalem Dialekt ënnert anerem och „Kobolz“ oder „Kalabums“ genannt – bezeechent beispillsweis am Buedemturnen eng Rull no vir (oder no hannen). Heibäi muss een liicht an d‘Knéie goen, den Uewerkierper no vir neigen, d‘Hänn ongefeier schëllerbreet um Buedem ofstäipen a sech iwwert de Réck ofrullen fir nees an d‘Ausgangspositioun zeréck ze kommen.

Déi grouss Konscht ass et eng fléissend a koordinéiert Beweegung duerchzeféieren ouni de Kapp um Buedem ofzestäipen oder ze haart mam Réck um Ënnergrond opzeschloen. Wat Kanner oft immens liicht fällt, ka fir Erwuessener zur Erausfuerderung ginn.

Ma, grad well de Kopplabunz am Alter eng ëmmer méi seelen Beweegung gëtt, soll mat dësem Aktiounsdag op d‘Virdeeler higewise ginn. Et stäerkt een nämlech net nëmmen d‘Bauch- a Réckemuskulatur. Och d‘Gläichgewiicht, d‘Beweeglechkeet, d‘Koordinatioun an d‘Orientéierungsfäegkeet gi gefërdert. Dat Bescht bei der Saach: Et mécht einfach Spaass an et fillt ee sech nees wéi e Kand!

D‘Entstéiung vum Weltdag vum Kopplabunz ass iwwregens zimlech onspektakulär. Am Joer 2009 huet den evangelesche Paschtouer Jörg Wilkesmann-Brandtner op sengem Blog ‚Theomix‘ dem däitschen Dichter Christian Morgenstern säi Wierk „Der Purzelbaum“ verëffentlecht.

Genee dëse Beitrag koum wuel esou gutt un, datt en Aktiounsdag draus entstanen ass. D‘Wiel vum Datum war dobäi éischter zoufälleg.

Dernières nouvelles