Weltwaasserdag am Aquatower

Den Aquatower Berdorf an den Natur- & Geopark Mëllerdall freeën sech matdeelen ze kënnen, datt dëse Sonndeg, 27. Mäerz, fir eng éischte Kéier de « Weltwaasserdag am Aquatower » ka stattfannen.

Dëst Evenement riicht sech u Grouss a Kleng an huet zum Zil méiglechst ëmfaassend iwwer d’Drénkwaasser ze sensibiliséieren.

An der Regioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall ass d’Drénkwaasserversuergung eenzegaarteg fir Lëtzebuerg: d’Gemenge funktionéieren hei quasi autark an hirer Drénkwaasserversuergung. Dëst ass virun allem dem Lëtzebuerger Sandsteen ze verdanken. Weider Detailer zum Programm, enger interaktiver Rallye fir Familljen an och iwwer déi speziell Drénkwaasserversuergung vun dëser faszinéierender Regioun, fannt dir hei.

*matgedeelt vum Naturpark Mëllerdall

Dernières nouvelles