Eppes Widderstand an der Alperepublik

D‘Éisträicher si gesondheetspolitesch Virreider a wëlle schonn ab Februar 2022 eng generell, also fir all Mënsch gülteg Covid19-Impfflicht aféieren. Bis ewell huet et dat just am Vatikan, wat awer do novollzéibar ass, et liewe jo virun allem ganz „al“ Mënschen do, déi awer essentiell fir dat béist op dëser Welt sinn.

Elo ass d‘Decisioun, déi vum Kanzler Alexander Schallenberg (ÖVP) an Ofsprooch mam politesche Koalitiounspartner a Gesondheetsminister Wolfgang Mückstein (die Grünen), den Éisträicher per Gesetz d‘Impfung méi no ze bréngen, wuel generell an der Unioun iwwerfälleg. Dat ass allerdéngs dem Fakt geschëlt, datt d‘Politik de Leit de Choix loosse wollt an déi d‘Optioun och genotzt hunn.

Dat huet natierlech en Zesummenhang mam Fait, datt Politiker ab engem gewësse Mandatsniveau, net nëmmen de Kontakt zur Alldagsrealitéit an dem Mënsch am allgemenge verluer hunn, mee och gréisser „Interessen“ vertriede mussen. Zudeem sinn se maximal korrupt, wéi de Fall vum viregte Kanzler Sebastian Kurz (ÖVP), deem d‘Immunitéit abhande komm ass, beschtens demonstréiert.

De Mobb marschéiert duerch Wien

Um Samschdeg punkt 12 Auer huet sech als Zeeche vum Widderstand, en Demonstratiounszuch vu – jee no liesaart – eng 35.000 veriergert Mënschen, an der Wiener Bannestad op de Wee gemaach. Et war eng „patriotesch“ Demonstratioun, hannert där an éischter Linn populistesch Beweegungen, rietsideologesch Gewerkschaften an natierlech d‘Nazipartei FPÖ stinn. Et huet awer och Anerer…

A wann ee scho géint d‘Covid19-Mesure an déi bevirstoend Impfflicht op d‘Strooss geet, ass et net fir sech déi per Gesetz veruerdent FFP2-Mask virun d‘Gesiicht ze halen. Natierlech hunn déi op der Plaz virstelleg Vertrieder vun der Autoritéit per Lautsprecher d‘Leit opgefuerdert sech un d‘Reegele vun der Regierung ze halen. Dat awer méi aus Flichtgefill wéi der Iwwerzeegung gehéiert ze ginn.

Dat kann och dorunner geleeë sinn, datt grad emol 1.300 Beamten dësem Mobb entgéintgetruede sinn an net wierklech „Autoritéit“ ausgestraalt hunn. Déi couragéiertst ënnert de Polizisten hunn sech geduecht, datt Persounekontrollen an dësem Kontext en duebelen notzen hunn: si kënnen do Nimm opschreiwen an déi kritesch Mass intimidéieren. Dat war eng autoritär Feelaschätzung…

Si goufe vum Mobb ëmzéngelt, mat Géigestänn beworf an et soll esouguer versicht gi sinn, hinnen de Klabes ofzehuelen. Den Erfolleg vun de repressive Mesuren huet sech folgerichteg a Grenze gehalen. Eng Dose Persoune goufe verhaft, datt wëll si Nazisymboler gewisen oder ebe keng Mask gedroen hunn. Et ass allerdéngs richteg, datt déi allermeescht Demonstrante ganz friddlech waren.

Wann d‘Mesuren awer wierken

Datt hannert dem Opruff primär d‘Nazipartei FPÖ steet, där hire Führer Herbert Kickl (den Dabo ass selwer Covid19-infizéiert) hei aus renger politescher Opportunitéit, sech mat enger abstruser Videobotschaft zu Wuert gemellt huet, kéint een als Trapewitz vun der Geschicht bewäerten. Hei sollt een awer scho wëssen, datt d‘FPÖ, wier se nach an der Regierung, d‘Mesure gestäipt hätt.


Datt den Alexander van der Bellen am Grondsaz richteg läit, verhënnert net d‘Politik dat eegent Vertraue mat ongezielte Skandaler verspillt huet. Ob een als Politiker léie muss, gëllt nach ëmmer net als erwisen, leider ass et een Dauerzoustand. Wann dann awer d‘Leit anere Ligener Vertraue schenken, da geet rieds vun engem Gruef dee sech duerch d‘Gesellschaft zitt. Dat sinn dann awer Zukunftsperspektiven déi et engem Kal de Réck eroflafe loossen…

Nach een, wou der Schoss net wierklech héieren huet: de Bundespresident Alexander van der Bellen (die Grünen). De 77 järegen huet virun engem „Rass an der Gesellschaft“ gewarnt, an e Freidegowend appelléiert „sech net ausenaner dividéieren ze loossen“. Dofir dierft et eppes spéit sinn. Anersäits stëmmt et schonn, datt een als Bierger net nëmme Rechter mee och Flichten huet.

A well d‘Politik bezunn op „Rechter & Flichten“ ëmmer mam gudde Beispill virgeet, firwat jo d‘Alperepublik zanter Joerzéngten „Skandalbefreit ass“, hält sech déi grouss Majoritéit vun den Éisträicher un d‘Virgabe vun der Regierung. An de leschte puer Wochen hunn d‘Impfunge richteg Zoulaf kritt. D‘Politik interpretéiert dat natierlech als „Bereetschaft“. Dat ass eppes gelunn…

D‘Leit „loossen sech net impfen“, d‘Leit „ënnerwerfen sech dem autoritären Zwang“, gestinn sech och Gesondheetsexperten a Wëssenschaftler an. 3G-Reegel op der Schaff, 2G-Reegel fir quasi all aner Aktivitéiten, Hausarrest fir déi Ongeimpft an elo d‘Annonce vum Impf-Gesetz… Wann d‘Leit hir „Impfbereetschaft“ mat enger Ënnerschrëft missten aktéieren, datt hätt et Iwwerraschungen.

Mee d‘Mëttel hellege bekanntlech den Zweck, firwat d‘Alperepublik elo en Impftaux offizielle 66% Opweises huet. Gewënscht sinn awer net 80%, och keng 90%… mee eendeiteg 100%. Offiziell fir d‘Mënsche virun sech selwer an dem Covid19 ze schützen. Faktesch geschitt dat meescht aus renge wirtschaftleche Grënn. Dat soll net bedeiten, datt d‘Impfflicht Nonsens ass, si kënnt just ze spéit…

mat indymedia/vie/lnz/grs/szg

Dernières nouvelles