Rapp a Klapp bei Zemmour-Walmeeting

Eng 10.000 Leit haten sech op Villepinte zum Optakt vun enger interessanter Campagne deplacéiert

Beim Optrëtt vum rietspopulistesche Presidentschaftskandidat Eric Zemmour hat et eppes Protest an Tumult. D‘Géigner hat den Protest ugekënnegt, an d‘Police hat hir Precautioune getraff, konnt d‘Demonstranten op Ofstand halen, mee bannent der Foireshal hat et net nëmmen Unhänger.


SOS Racisme – #PanthéonDesOubliés

Et war wéi gesot den Optakt vun der Campagne an endlech ass och den Numm vun der Beweegung bekannt. „Reconquête“ soll dëst Sammelbecke vu rietsradikalen an mat sech selwer onzefriddenen, genannt ginn. D‘Richtung ass virginn: „Frankräich steet virum Ofgrond, an d‘Fransouse sinn an hirer Existenz bedreet. Ee Kampf, méi grouss wéi mir selwer, ass zur Rettung néideg“, heescht et.

Laut engem Tweet vun der Organisatioun „SOS-Racisme“, déi wuel Leit an d‘Hal ageschleist hat, wier et zu Ausenanersetzungen tëscht militante Géigner a Firspriecher komm. Et hätt sech ënnert Asaz vu Fäischt a Still op d‘Sabbel geschloen. Op der Tëlee ware Leit mat bluttverschmierte Gesiichter ze gesinn. De Zemmour, dee sech selwer als „petit juif berbère“ bezeechent, huet vum ganzen Tumult näischt matkritt, a sech am Uschloss un de Meeting och net derzou geäussert.

Zu Paräis hat et dann nach eng weider Demonstratioun, déi sech géint d‘Kandidatur vun dësem politesche Brandstëfter geriicht hat. Laut den Autoritéiten, haten sech eng 2.200 Leit dësem Opruff ugeschloss. Entgéint den Zeene vu Villepinte, ass d‘Demonstratioun hei ganz friddlech verlaf. Et dierf erënnert ginn, datt den Zemmour widderholl wéinst rassisteschen aussoe verurteelt gouf.

mat indymedia/par

Dernières nouvelles