Zesummen iesse stäerkt d’Famill

Ee Stéck Pizza an där enger Hand, den Handy an där anerer. Dat ass villäicht een typesche Klischee, mee a ville Famillje gëtt esou giess. Et ginn och aner Familljen, wou jiddweree grad ësst, wann en hongereg ass.

Mee den Iessdësch ass méi ewéi eng Plaz, wou d’Famill zesummekënnt, fir den eidele Mo ze fëllen. Et ass och ee wichtegen Treffpunkt fir sech ënnerteneen auszetauschen. Et gëtt matenee geschwat a gelaacht. An dat fërdert den Familljenzesummenhalt a soumat och d’Familljeklima.

Et kann iwwer Erliefnesser, kleng Anekdoten oder Pläng fir den nächste Weekend geschwat ginn. Dobäi gëtt et just eng Reegel – jiddwereen däerf zu Wuert kommen.

Datt um Dësch net geschwat soll ginn, ass Blödsinn a Schnéi vu gëschter. Ma entscheedend fir gutt Laun ass, datt net iwwer erwuessen Theme geschwat soll ginn. Dofir ass spéider nach Zäit. Suergen, schlecht Schoulnouten oder Problemer op der Aarbecht verdierwen d’Stëmmung. Et kann een awer schonn am viraus ausmaachen, dat dono eng Krisesëtzung aberuff gëtt.

Och déi berüümten Dëschmanéieren, gehéieren zu engem gudden Iessen dozou. Si hunn nämlech vill mat Wäertschätzung ze dinn. Hei sinn d’Elteren als Virbiller gefrot gëtt – d’Kanner léiere jo dës sozial Kompetenz vun hinnen. Dozou gehéiert ënnert anerem Hänn wäschen a jiddweree soll eréischt opstoen, wann déi ganz Famill mam iesse fäerdeg ass.

Heiansdo muss een dëst « Mateneen » erëm vu vir léieren – well jiddwereen säin eegene Wee gaangen ass. Et ass schwéier, sech op een aneren anzestellen, nozelauschteren oder einfach nëmmen do sinn.

Dofir: Fanger ewech vun Oflenkungen, ewéi den Fernsee oder dem Handy.

Dernières nouvelles