Zesummen MyGuichet.lu vereinfachen

Reegelméisseg gëtt un der Plattform MyGuichet.lu geschafft, sou datt ëmmer méi Funktiounen bäikommen an den Design fir eng einfach Notzung ugepasst gëtt. An dësem Kader freet den CTIE elo ëm eiser aller Mathëllef.

Fir d‘Navigatioun um Site weider ze verbesseren ass elo d‘Säit www.zesumme-vereinfachen.lu verëffentlecht ginn. Domat well den CTIE méi iwwert déi eegen Perceptioun, d‘Logik an d‘Notzung gewuer ginn.

Duerch déi verschidden Erfarunge vun den Notzer well een Inhalter intelligent a Rubricke setzen an d‘Plattform un d‘Besoinen upassen. Den Test ass anonym an dauert ëm 15 Minutten. Matmaache kann ee bis den 1. Juli 2022.

Dernières nouvelles