Search

You may also like

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou
Neiegkeeten

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou

Laut engem Rapport vun UN-Experten, hëlt de Mënschenhandel a Libyen

Ab der Rentrée 2021/2022: Bachelor am musikaleschen Enseignement zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Ab der Rentrée 2021/2022: Bachelor am musikaleschen Enseignement zu Lëtzebuerg

Ronn 18.000 Kanner, Jugendlecher an Erwuessener besichen aktuell zu Lëtzebuerg

Wat mécht den Haff mat all deem Geld?
Neiegkeeten

Wat mécht den Haff mat all deem Geld?

Et ginn emol méi, emol manner interessant parlamentaresch Froen. Wann

De Luc Frieden weess wéi et muss lafen

De Luc Frieden weess wéi et muss lafen

Um Samschdeg war de fréiere CSV-Justiz-, Budget- a Finanzminister Luc Frieden, dee fir déi „Deutsche Bank“ zu London gewierkt an du Verwaltungsrotspresident vun der BIL war, an aktuell President vun der Handelskummer ass, den Invité an der Emissioun „Background“ vum däitsche Mediekonzern Bertelsmann/RTL. Och hien huet sech als Gesondheetsexpert presentéiert…

Laut dem Luc Frieden – dee keng politesch Ambitioune méi huet, wëll d‘Handelskummer per se politesch neutral ass – steet d‘Impfstrategie vun der Regierung virun engem Echec. Et geet einfach net virun an hie réit dem Duo Bettel/Lenert sech endlech emol un anere Länner ee Beispill ze huelen. Wann hien nach averstane war, datt mir eis Impfdosis-Bestellunge mat eisen europäesche Partner zesummegeluecht hunn, esou hätt ee sech doriwwer eraus selwer missen Dose beschafen.

De Mann mam Charisma vun engem Streckeradar, an dee wuel nach ëmmer ee grousse Frënd vum Multilateralismus ass, wa sech dësen op d‘Wirtschaft beschränkt, mengt allerdéngs, datt d‘EU keng Impfstoffer sollt exportéieren. De 57 järege Jurist géif nawell zolidd späizen, wann déi Länner wou Vaccinen hierstellen, déi emol fir sech behale géife, bis se déi gewënschten Häerdenimmunitéit erreecht hätten. Mee dem Gesondheetsexpert vun der Handelskummer, geet et net ëm Gesondheet.

Fir de Luc Frieden geet beim Covid19-Impfstoff ganz sécher net ëm d‘Wuel vun de Mënschen, déi hunn hie generell ni wierklech interesséiert. Nee dem Luc Frieden geet et eenzeg drëms d‘Kapital, a folgerichteg d‘Wirtschaft ze beschützen. Mënschen si bekanntlech eng erneierbar Ressource, leider net klimaneutral, dofir awer austauschbar. Déi „1%“ déi awer d‘Wirtschaft um lafen halen, kann een net austauschen. Dofir misst Lëtzebuerg och ëmmer zu de beschte Wirtschaftsacteure gehéieren.

Ee Kueb pickt deem anere keen A aus

Natierlech goung an der Emissioun och rieds iwwert d‘Impfdrängler, hei natierlech virzuchsweis ëm de Beholl am HRS. De Luc Frieden huet sech natierlech net op d‘Glatäis féiere gelooss. Als erfuerenen Affekot a Politiker, weess ee mat Ongemaach ëmzegoen. Natierlech betount de Luc Frieden, datt d‘Impfstrategie, esou wéi vun der Regierung an Zesummenaarbecht mam Ethikrot, sënnvoll a richteg ass. Hie mengt esouguer, datt sech jiddereen un d‘Reegelen ze halen huet…

Nee hien huet dem Jean-Louis Schiltz säi Fauxpas, net kommentéiert. Als Beruffskolleg ass hien zudeem voll a ganz iwwerzeegt, datt een eng Kanzlei dirigéiere kann, President vun der Stëftung HRS a gläichzäiteg President vum HRS SA Verwaltungsrot ka sinn, ouni datt et bei der Vergab vu juristeschen Aufgaben un d‘Kanzlei Schiltz & Schiltz, säitens der Stëftung oder der SA, kéint zu Interessekonflikter kommen. Hie selwer ass och nach ëmmer Partner vun der Etüd Elvinger Hoss.

Zu den aktuellen „Diskussioune“ bannent der CSV, respektiv dem Dissens tëscht Fraktioun a CSV-President, wéi och dem bevirstoenden Nationalkongress, wollt de Luc Frieden sech net äusseren. Als President vun der Handelskummer mécht ee keng Politik am eigentleche Sënn. Et ass ee jo och Lobbyist, an dee beaflosst zwar d‘Politik am Optrag vun de wirtschaftlechen Acteuren, mee trëfft keng politesch Entscheedungen.

Foto: Och de Luc Frieden ka Wirtschaft a Mënscherechter gutt vunenaner trennen. De President vun der Handelskummer ass grad wéi säi Virgänger Pierre Gramegna ee grousse Frënd vu China. Et geet him heibäi nëmmen ëm déi grouss Handelsopportunitéite fir zu Lëtzebuerg usässeg Entreprisen an déi besonnesch gutt Handelsbezéiungen insgesamt. Wat sech zu Hong Kong deet, datt Firmaen eventuell Wueren a Stroflager (Uiguren) hierstelle loossen… © Handelskummer (November 2020)

Related topics CSV, Handelskummer, Impfstrategie, Luc Frieden, Politik, Seelschaften
Next post Previous post