Search

You may also like

money
De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen
Kultur Neiegkeeten

De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen

2017 war d‘Cargolux dat beschte Joer säit sengem Bestoen. 4%

„A Scene At The Sea“ am Ciné-Club um 29. Mee!
Kultur Neiegkeeten

„A Scene At The Sea“ am Ciné-Club um 29. Mee!

Den Escher Ciné-Club huet och dëse Mount nees ee fantastesche

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“
Kultur Neiegkeeten

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“

Am ganze Land bléien d‘Wahlplakater op, an e Freideg huet

De Luc Spada an d’Erënnerung, datt Freideg ass

De Luc Spada an d’Erënnerung, datt Freideg ass

De Luc Spada ass e Mann mat ville Gesiichter. Hien huet well a Filmer matgespillt, schreift erfollegräich Bicher, an iwwersetzt se och. Esou och ënnert anerem dem Tullio Forgiarini säi Jugendroman „Amok“, dee vum Luc Spada an dat Däitscht iwwersat gouf an ënnert dem Titel „Leben.Nehmen“ am Arena Verlag erauskoum.

De Lëtzebuerger Auteur, deen zu Berlin lieft,verzaubert a schockéiert mat Wierder. Dobäi ass et ee vu sengen Talenter, de Leit de Spigel virun d’Nues ze halen. An dat schounungslos. Déi eng hunn hie gär, déi aner kënnen näischt mat him ufänken. Ma dat ass him egal, hie mécht säi Liewen. A wann e säi Liewenswee verfollegt, schéngt en jo eppes richteg ze maachen.

Ma, elo ass de Luc och ënnert d’Museker gaangen: Den 21. Mee huet hien seng Single „Madness is your candle“ verëffentlecht. En Album ass fir de Wanter geplangt (wann ech gelift keng Chrëschtlidder – a wann, da schéin satiresch).

Den 2. Juli ass seng zweet Single „Frei Tag“ erauskomm. Wéi gewinnt ass den Text vum Lidd net ganz eescht ze huelen. Oder villäicht dach? Dat ass wuel Usiichtssaach, ob jiddwer Fall mécht de Luc Spada keng hallef Saachen.

Verbonne gëtt d’Wierk mat engem perséinleche Message: „E grousse Merci geet un all déi Mënschen an de soziale Medien, déi eis dorunner erënneren, datt Freideg ass. Woch fir Woch. Ouni Iech géing et dëse Song net ginn. Léif Gréiss och un The Cure. Spoiler Alert: Cat Content inklusive.“

Ma et gëtt dach näischt Besseres, d’Lidd ze lauschteren, e Cocktail dobäi ze drénken an drun ze denken, datt geschwënn nees „Frei Tag“ ass. Merci fir dës Erënnerung!

Hei kënnt Dir de Luc besser kenneléieren:

Opmaacherbild: Foto vum Laura Lessndra – Collage vum zoemondlochdotcom

Related topics Frei Tag, Freideg, Konscht, Lëtzebuerger Auteur, Lidd, Luc Spada, Madness is your candle, Musek, Satire
Next post Previous post