Search

You may also like

Renaturéierung vun der Péitruss: Ee Projet fir d’Natur an 2 Phasen
Neiegkeeten Sport

Renaturéierung vun der Péitruss: Ee Projet fir d’Natur an 2 Phasen

Fort vum kënschtlechen Ekosystem, zeréck zur Natierlechkeet. Dëse Fréijoer fänken

„Scholdaarsch“: Wat sinn d‘Ursaachen, wien ass betraff?
Neiegkeeten Sport

„Scholdaarsch“: Wat sinn d‘Ursaachen, wien ass betraff?

Beim éischten Iwwerbléck vum Rapport 2018 vum Familljeministère, stellt e

Stad Lëtzebuerg: Gardiennage am ëffentleche Raum
Neiegkeeten Sport

Stad Lëtzebuerg: Gardiennage am ëffentleche Raum

Zanter dem 1. Dezember 2020, patrulléieren Agente vun enger privater

De Ludovic Di Monte gewënnt den 2. Tour vum ACL Challenge!

D’Top 20 vum ACL Challenge hunn sech fir eng zweet Manche am Simulator-Evenement getraff. Dobäi huet de Ludovic Di Monte sech als dee bestännegste gewisen an dës entscheedend Course gewonnen.

20 Pilote goufe fir dës Ronn ausgewielt, si hunn sech de Weekend op der Kartpist vu Monnerech getraff, wou d’Simulatoren opgeriicht waren. Mat där selwechter Ausrëschtung an Astellung fir jiddweree goung et dunn lass. D’Piloten hu missen alles ginn, d’Organisateuren haten hiert Versprieche vun enger haarder Competitioun agehalen.

ACL Challenge
De Ludovic Di Monte um Simulator

Op den 3-Motion Simulatore vu Beweng Security Solutions hunn d’Piloten keng Feeler dierfe maachen. Et war um Steier vum Mercedes AMG C63 DTM, wou sech alles ofgespillt huet. Et war de selwechten Auto wéi an der éischter Ronn, sou hunn dech d’Piloten net missen un en anert upassen. Bei dem éischten Evenement ware Banner vun der City Concorde an der Post Luxembourg (den aneren Partenairen) ze gesinn.

All Pilot hat Usproch op 10 Minutte laangt Training op der legendärer Streck Spa-Francorchamps. Zil war, sech mam Simulator vertraut ze maachen. Duerno ass et lass gaangen. Mat zwou Seancë vun 20 Minutten um selwechte Parcours, sou wéi um Blister Berg hunn d’Piloten alles ginn, fir déi beschten Zäit ze erreechen.

„Spa-Francorchamps ass e wesentleche Bestanddeel fir eSport-Evenementer. Am Géigesaz dozou huet keen de Blister Berg erwaart. Et ass e Parcours voller Kéieren a mat ville blanne Wénkelen. Mir wollten d’Konkurrenz an dëser Ronn verschäerfen, fir datt d’Piloten opfale kënnen“, huet de Florian Brouir, eSport Manager bei ACL, am Réckbléck op de Weekend erkläert. Zäit sech un de Parcours unzepassen, mental Stäerkt fir den Drock ze halen, waren d’Schlësselwierder fir dës Streck gutt hannert sech ze bréngen.

Um Schluss vun dësen 20 Minutten-Seancë goufe Punkte verdeelt. Nodeems de Fransous Ludovic Di Monte déi zweetschnellst Zäit op dem Ardennen-Parcours, sou wéi déi éischt Plaz um Mini-Nürburgring erreecht huet, huet hien déi meeschten Eenheeten agestach – nämlech 38 vu 40. Eng vun de Viraussetzunge fir d’Participatioun un de FIA Motorsport Games ass déi lëtzebuergesch Nationalitéit. Den Tom Vallenthini, deen zweete ginn ass, huet domat säin Ticket kritt, fir vum 29. bis den 31. Oktober un der Veranstaltung zu Marseille deelzehuelen.

ACL Challenge
Den Tom Vallenthini

„Et war net einfach. Et huet e wierklech missen no all Honnertstel goen. Mee et war derwäert an ech freeë mech ACL a Lëtzebuerg bei de FIA Motorsport Games, wou ech eis Nationalfaarwen droe wëll, vertrieden ze kënnen.“

Déi wärend de Simulatioune gewonne Punkten, gi fir den drëtten a leschten Tour versuergt. Deen ass de 15. Mee. Mat der technescher Ënnerstetzung vu Codex gëtt d’Evenement live an de soziale Medien iwwerdroen.

De Pilot, deen an der zweeter sou wéi an der drëtter Ronn déi meeschte Punkte kritt, ass de Gewënner. Déi éischt Editioun vum ACL Challenge u sech ass schonn een Erfolleg, et goufen 230 Umeldungen. Dat war e ganz couragéiert Resultat fir d’Entwécklung vum eSport am Club.

Fräi aus dem Franséischen iwwersat vum Jessica Mersch / moien.lu – Matgedeelt vum ACL

Billergalerie: Andréck vun der 2. Manche vum ACL Challenge, den 24. a 25. Abrëll 2021 © ACL

Related topics ACL Challenge, Beweng Security Solutions, Course, eSport, Gewënner, Lëtzebuerger Automobilclub, Ludovic Di Monte, Mercedes AMG C63 DTM, Nürburgring, Simulator, Spa-Francorchamps, Tom Vallenthini
Next post Previous post