Search

You may also like

Pop-Up Stores an der Rue Philippe II – Et ass un Iech!
Neiegkeeten

Pop-Up Stores an der Rue Philippe II – Et ass un Iech!

Am Hierscht 2019 huet d’Stad Lëtzebuerg säi Projet lancéiert, bei

Corona-Party am Bësch
Neiegkeeten

Corona-Party am Bësch

Zu Buckels an der Gemeng Parc Housen, hat d‘Police um

Philharmonie – een neit Instrument gëtt ageweit!
Neiegkeeten

Philharmonie – een neit Instrument gëtt ageweit!

Gëschter Owend war an der Philharmonie eng méi lass. Bei

Luerenzweiler – Mierscherbierg: Chantier op der A7!

Luerenzweiler – Mierscherbierg: Chantier op der A7!

D’Stroosebauverwaltung deelt mat, datt vu Freides, den 23. August bis Méindes, de 26. August de Stroossebelag op der Autobunn A7 tëscht Luerenzweiler an dem Echangeur Mierscherbierg frësch gemaach gëtt.

Um 23. August fänkt de Chantier um 20:00 Auer un a wäert viraussiichtlech den 26. August um 6:00 Auer fäerdeg sinn. Duerch Spärungen an Ëmleedunge kann et zu Beanträchtegungen am Verkéier kommen.

Mierscherbierg

Spärungen ab Freides, den 23. August géint 20:00 Auer

  • D’Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Luerenzweiler an dem Echangeur Mierscherbierg ass a béide Richtunge gespaart
  • D’Opfaart Mierscherbierg, wann ee vun der N7 kënnt an a Richtung Jonctioun Gréngewald fiert, ass zou
  • D’Opfaart Miersch, wann ee vun der N8 kënnt an a Richtung Jonctioun Gréngewald fiert, ass gespaart
  • D’Opfaart Luerenzweiler, wann ee vun der N7 kënnt an a Richtung Ettelbréck fiert, ass zou
  • D’Opfaart Schëndels, wann ee vun der CR102 kënnt an a Richtung Ettelbréck fiert, ass gespaart

Den Trafic, dee vun Ettelbréck kënnt an a Richtung Jonctioun Gréngewald fiert gëtt iwwert den Echangeur Mierscherbierg iwwert d’N7 (Miersch) bis bei den Echangeur Luerenzweiler nees op d’A7 geleet. De Géigeverkéier verleeft ab dem Echangeur Luerenzweiler iwwert d’N7 (Miersch) bis op den Echangeur Mierscherbierg zeréck op d’A7.

Wéinst de Preparatiounsaarbechte kann et schonn am viraus zu Stéierungen am Verkéier kommen. Weider Informatioune ginn et ënnert www.cita.lu.

Related topics A7, Chantier, Luerenzweiler, Mierscherbierg, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Tapis
Next post Previous post