Search

You may also like

Keng Sortie aus der Kris ouni den OGBL
International Neiegkeeten

Keng Sortie aus der Kris ouni den OGBL

Et war déi éischt Sëtzung vum Nationalvirstand vun der gréisster

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali
International Neiegkeeten

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali

Mir all kennen den exzentresche Kënschtler duerch seng schmëlzend Aueren,

OPGEPASST: Glasstécker an de Brioche vu Pasquier
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Glasstécker an de Brioche vu Pasquier

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffen d’Brioche vun der Mark

Et gëtt roueg um Himmel

Wann eng Luxair de Schnapp kritt, huet d‘Lufthansa schonn eng richteg Longenentzündung

Et gëtt roueg um Himmel

Néng Milliarden Euro huet d‘Bundesregierung an de Grapp geholl fir d‘Lufthansa (den Aktiëwäert huet am Juni bei ronn véier Milliarde geleeën) virun de Insolvenz ze retten. E groussen Deel vun de Fliger sti schonn um Buedem, an elo heescht et, et missten nach Maschinne stëllgeluecht ginn. Elo soll d‘Flott vu Lufthansa an den anere Fluchgesellschafte vum Konzern drastesch verklengert ginn.

Insgesamt solle Mindestens 150 Fliger vun der emol 760 Fliger staarker Flott ee längerfristegen Tëschestopp aleeën. Dat si 50 Maschinne méi wéi sengerzäit vum Krukert annoncéiert, an et gëtt net ausgeschloss, datt dës Zuel nach weider kéint klammen. Bis Enn vum Joer wäert d‘Offer net iwwer 30% vum Virjoresniveau leien, woubäi se zu Frankfurt gehofft hate wéinstens 50% ze halen.

Lufthansa

Richteg batter muss et sinn, wann een de Fleuron vun de Flott muss amotten: Esou sollen all d‘Fliger vum Typ Airbus A380 (Super-Jumbo) längerfristeg – bis op déi wou Lufthansa dem Hiersteller kann zeréckginn – „gegroundet“ ginn. Fliger vum Typ A340-600 sollen och dauerhaft stëllgeluecht oder direkt ganz ausgemustert ginn. Mat dëser Mesure soll d‘Tresorerie gerett ginn.

Et heescht datt Lufthansa iwwert dës Moossnam, am lafende Quartal eng „Wäertkorrektur“ vun 1,1 Milliarden Euro soll virhuele kënnen. Mee natierlech ginn net nëmme Fliger „ausgemustert“ well manner Fliger bedeit och datt ee manner Personal brauch. 150 Fliger, dat sinn nach méi Piloten, Fluchbegleeder, Mecanicienen a Botzpersonal déi net méi gebraucht ginn. Et wäert richteg knallen.

Elo kënnt d‘Wirtschaftskris…

Fir déi virun de Bildschiermer, deenen nach ëmmer net esou richteg bewosst ass, datt de Covid19 net nëmmen eng sanitär Kris ausgeléist huet, heescht elo besonne bleiwen. D‘Lufthansa hat schonn annoncéiert 22.000 Aarbechtsplazen ofbauen ze mussen, mee mat dësem Revirement, dierften nach vill méi Mataarbechter hir Jobs verléieren. An do sinn déi indirekt Plazen net matgerechent.

Den Ament ass een éischter bei 26.000, méiglecherweis 27.000 Aarbechtsplazen déi eleng direkt am Konzern verluer ginn. D‘Gewerkschafte sinn – wéi bei eis zu Lëtzebuerg – beméit d‘Zuel vun de betribsbedéngten Entloossunge méiglechst a Grenzen ze halen. Mee fir all déi Entreprisen, déi op déi eng oder aner Weis un d‘Airline mam Krukert „gebonne“ sinn, huet et kee sou ee Fallschierm.

LufthansaAn et ass net emol dem Konzern seng Schold. No enger klenger Reprise am Summer geet et nees de Biergan. Steigend Infektiounszuelen a ganz Europa bréngen nees Reesbeschränkunge mat sech. Vill Oplagen (Quarantaine / Isolatioun) a Reeswarnunge wierken sech negativ op d‘Reservatiounen aus an d‘Lufthansa ass jo net eleng. Am Konzern sinn eng Rei fréier national Gesellschafte gefaangen.

Als Duechtergesellschafte vun der Lufthansa sinn do: d‘Austrian Airlines, Brussels Airlines (fréier SABENA) an d‘Swiss (fréier Swissair). Och dëse geet et net gutt an och fir déi goufen alles an allem 9 Milliarden Euro – vun de respektive Regierungen – Finanzhëllef opgewannt. An och bei dëse wäert et zu engem gréissere Personalofbau kommen. Wéi gesot… et gëtt roueg um Himmel

mat indymedia/fra/ber

Illustratioun: De Super-Jumbo A380 gouf als „grouss Hoffnung“ fir d‘Loftfaart gelueft. Elo wou kee Mënsch méi flitt, si seng Déngschter net gefrot an de risege Vull dierf säin Nascht elo net méi verloossen. © Alan Angelats / unsplash

Related topics Loftfaartsecteur, Lufthansa, Restrukturatioun, Wirtschaftskris, Zivil Loftfaart
Next post Previous post