Search

You may also like

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)
Business International Money Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)

Fir d’Period vum Deconfinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn
Business International Money Neiegkeeten

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn

E Projet mat Lëtzebuerger Bedeelegung gouf e Mëttwoch, den 19.

money
De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn
Business International Money Neiegkeeten

De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn

Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche

money

De Sultan, d‘Taliban a lukrativ Geschäfter

Afghanistan ass „befreit“, huet nach keng Regierung, mee scho vill méiglech Wirtschaftspartner

De Sultan, d‘Taliban a lukrativ Geschäfter

D‘Besatzung vun Afghanistan huet sech erleedegt, D‘USA an d‘NATO-Partner hu sech no 20 Joer “Virtäuschung vu falschen Tatsaachen“ verfuusst an hannerloosse méi Ängschten a Geforen, wéi Zukunftsaussiichten. Mee natierlech huet all Konflikt – besonnesch wann ee beendegt ass – esou seng Profiteuren… a firwat soll dorënner net och en NATO-Partner ze fanne sinn…

Wärend d‘Chinesen hirersäits schonn emol Interessi un de Buedemschätz ugemellt hunn, an hei och gewëllt schéngen Industrieanlagen am Land, also zur Beschäftegung vun Afghanen, opzeriichten, sinn eng Rei arabesch Länner un anere kooperative Projeten interesséiert. Nach ass dat Islamescht Emirat Afghanistan – esou wëllen et d‘Taliban – vu kengem unerkannt an ouni Regierung.

Woubäi sech generell d‘Fro stellt, ob et an engem Gottesstaat, ausser Gott a sengen „Engelen“ nach esou eppes wéi eng Regierung brauch. Dat sinn elo awer „Detailer“ mat deenen sech am Katar an och an der Tierkei net opgehale gëtt. D‘Amerikaner zesumme mat hire Partner hu schliisslech de Fluchhafen „Hamid Karzai“ zu Kabul ëmfänglech moderniséiert an ausgebaut. Dat wëll een notzen.

Nieft de Scheichen aus dem Katar – engem Land dat sech ideologesch net allzevill vun Afghanistan differenzéiert – huet och de Sultan aus Ankara – dee jo weiderhin säin Dram vum neien osmanesche Räich oprecht erhält – wëlles sech mat den Taliban op eng wirtschaftlech- a sécherheetspolitesch Zesummenaarbecht anzeloossen. D‘Tierkei als neie Bedreiwer vum Fluchhafen zu Kabul?

Firwat net, si kennen sech aus…

Dat justement den NATO-Partner Tierkei als méigleche Gestionnaire vum Hamid Karzai Airport zu Kabul am Gespréich ass, muss net verwonneren. D‘Tierken hunn de Fluchhafe schonn am Kader vun hirem NATO-Asaz geséchert, mee sech ni wierklech mat den Taliban oder soss Terrorgruppen am Land ausenanergesat. Trotzdeem kann de Sigel „NATO“ sech op d‘Konditiounen auswierken.

Anersäits – an do kënnt den Zesummenhang mam osmanesche Räich an d‘Spill – hunn d‘Tierkei an Afghanistan eng grouss gemeinsam Geschicht. Esou waren de Mustafa Kemal Atatürk – de Papp vun der tierkescher Republik – an de Kinnek vun Afghanistan Amanullah Kahn, matenaner befrënnt an den afghanesche Monarch huet sech bei senge Reformen um tierkesche Partner orientéiert.

Elo kann ee sech net virstellen, datt d‘Taliban den Amanullah Khan um Liewe gelooss hätten, mee den Ament mussen och d‘Taliban, zumindest en Effort am diplomatesche Kontext maachen, firwat et sech ubitt, mat allen ze schwätzen, déi wéineg bis guer näischt vu Mënscherechter halen, dofir awer maximal un Ënnerdréckung, Versklavung a absolutem Gehorsam interesséiert sinn.

De Sultan ass flexibel

Wann de Recep Tayyip Erdogan an de Abdul Ghani Baradar politesch dierften ënnerschiddlech bis differenzéiert Ziler verfollegen, esou heescht et héchst offiziell aus Ankara, datt sech béid – vum Vollek an der Welt respektéiert Staatsmänner – Männer als „Bridder am (reliéise) Geescht“ a Frënn op moslemescher Ausriichtung gesinn. Et géif hei keng Hürden déi Verhandlunge behënneren.

Aktuell ass, betreffend d‘Gestioun vum Fluchhafen zu Kabul, bekannt, datt d‘Männer mat de laange Bäert – wéi se poetesch vum Lëtzebuerger Spëtzesportler an Ausseminister beschriwwe ginn – an d‘Tierken nach net ganz Handelseeneg sinn. D‘Taliban, déi beim Ofzuch vun de Besatzer ganz vill neit Krichsgeschir iwwerlooss kruten, géife gäre selwer fir d‘Sécherheet vum Fluchhafe suergen.

Dat bedeit, datt d‘Tierken sech just ëm de wirtschaftlechen Deel këmme sollten, wat dann awer eng Kirchsnatioun wéi d‘Tierkei anescht gesäit. Zudeem hunn d‘Amerikaner an hir Partner, nodeems da kloer war wien hei „Chef“ ass, vill vun der Arriichtung (déi si bezuelt hunn) vreckt geschloen. Et wëll ee sech beschtméiglecher Erënnerung behalen. Ankara misst also Geld an de Grapp huelen…

Richteg ass zudeem, datt sech de President vun der Tierkei net kann – als NATO-Partner versteet sech – mat engem Attentat um Fluchhafe a Verbindung brénge loossen. Fir de Fluchhafen zu Kabul operationell ze maachen, also zum enger wirtschaftlech rentabeler Dréischeif ëmzebauen, misst Ankara vill zivilt Personal op Kabul schécken. D‘Taliban wëllen hei explizit keng Zaldote gesinn.

Wat och matspillt

Dem Sultan dierft et am afghanesche Kontext awer net eleng ëm de méigleche Profit goen, deen tierkesch Entreprise mat der Gestioun vum Fluchhafe maache kéinten, et geet och drëms de Flux vun de Mënschen ze kontrolléieren. Schliisslech geet jo déi europäesch Polit-Elit dovunner aus, datt d‘Taliban ausreeswëllege Bierger erlaabt iwwert de Fluchhafen zu Kabul d‘Land ze verloossen.

Esoulaang déi Richtung Europa zéien, dierft et den Tierken egal sinn, mee si wëlle ganz kloer keng weider Flüchtlinge bei sech ophuelen. Dat weess och de Recep Tayyip Erdogan, deen nach rezent wësse gelooss huet: „D‘Tierkei huet net den Optrag, d‘Verantwortung an/oder d‘Verflichtung, der EU hiert Flüchtlingslager ze sinn“. Mat 3.7 Millioune Syrer, eventuell eppes wat ze verstoen ass.

Anersäits engagéiert sech d‘Tierkei massiv fir eng besser Kooperatioun mat de radikalen Islamisten, wéi dat schonn an Nordsyrien (ethnesch Säuberung), oder am rezente Konflikt tëscht Armenien an Aserbaidschan demonstréiert gëtt. Tierkesch Entreprise sinn am Afghanistan engagéiert an hunn eegener Angaben no, hir „Accorden“ mat den neien Haushäre ënner Daach a Fach bruecht…

mat indymedia/tlv/lon

Illustratioun: © Kevin Hackert / unsplash

Related topics Afghanistan, radikalen Islamismus, Sultan, Taliban, Terror, Tierkei, Wirtschaftsinteressen
Next post Previous post