Search

You may also like

„The boy is back in town“ – US-President nees am Wäissen Haus
Kultur Neiegkeeten

„The boy is back in town“ – US-President nees am Wäissen Haus

No dräi Nuechten am Walter Rees Militärspidol zu Bethesda, ass

Europäesch Wärungsunioun – D’Stabilitéitsbedingunge festegen
Kultur Neiegkeeten

Europäesch Wärungsunioun – D’Stabilitéitsbedingunge festegen

Gëschter huet d’Europa-Unioun Lëtzebuerg Asbl, an Zesummenaarbecht mat der Vertriedung

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt
Kultur Neiegkeeten

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt

Wann ee sech sollt dierfen drop verloossen, datt de Premierminister

Lumi R. – Léift an all senge Facetten

Jonk Musekerin verbreet Léift zu Lëtzebuerg

Lumi R. – Léift an all senge Facetten

Zu Marseille gebuer, mat madagassesche Wuerzelen an zu Lëtzebuerg doheem – dat ass d’Lumi R. Déi jonk Musekerin, deenen hir Eegekompositiounen an Texter sech u Gréisste wéi dem Beyoncé oder dem Alicia Keys aus dem Soul an dem R&B inspiréieren, weess eis Musekslandschaft ze verzauberen.

Léift verbreeden

Dem Lumi R. säi Repertoire erstreckt sech iwwer verschidde Museksrichtunge wéi beispillsweis Soul, Pop, Old School R&B oder Hip Hop. Laut hir dréit sech alles am Liewen ëm d’Léift – Léift zu sech selwer, Léift zu Gott, Léift zur Famill, Léift zur Musek an d’Léift zu deem, wat ee gäre mécht. Ugedriwwen duerch verschidden Erliefnisser presentéiert d’Lumi R. eis Lidder, bei deenen den Text an d’Musek aus eegener Fieder stamen a sech mam Thema Léift an all senge Facetten ausenanersetzen.

Sou dréit sech an hirer éischter EP mam Numm “First Songs” alles ëm Léift.

Opmaacherfoto: © Lumi R.

Related topics First Songs, Lumi R, Musék, Singer, Songwriter
Next post Previous post