Search

You may also like

USA: Den „Donnie“ ass veriergert
Neiegkeeten

USA: Den „Donnie“ ass veriergert

Et scho bal ee ganze Mount hir, datt Amerika gewielt

Ee Schued an héicht vun 120 Milliounen Euro
Neiegkeeten

Ee Schued an héicht vun 120 Milliounen Euro

De Verband vun de Versécherer a Réckversécherer zu Lëtzebuerg (ACA),

Patiente Vertriedung: Gratis juristesch Assistenz u bestëmmten Datumer
Neiegkeeten

Patiente Vertriedung: Gratis juristesch Assistenz u bestëmmten Datumer

Ab Februar 2019 offréiert Patiente Vertriedung Asbl all éischten Donneschdeg

Luuchte a Reflekteren um Vëlo si kee Luxus

Luuchte a Reflekteren um Vëlo si kee Luxus

Net méi spéit wéi de 5. November hu mir – wéi all Joer – op d‘Wichtegkeet vun der Visibilitéit fir Cyclisten higewisen. Net nëmmen ass d‘Luuchtekontroll fir déi motoriséiert Gefierer wichteg, an déi gëtt jo och säitens de Police mat ganz vill Seriö duerchgefouert, mee och soss ass een an dëser däischterer Saison gutt beroden „siichtbar“ ënnerwee ze sinn.

Laut dem Policebericht schéngt engem Mann zu Rodange, dat mam „gesi gi“ net wichteg genuch gewiescht ze sinn. Dee war, esou de Bericht vun der Police, kuerz virun 18 Auer mat sengem Drotiesel ouni Beliichtung an der Réimerstrooss zu Rodange ënnerwee, wéi urplëtzlech d‘Dier vun engem Auto seng Faart ënnerbrach huet. De Cyclist war mam Guidon an der Dier hänke bliwwen, an ass folgerichteg zolidd op d‘Schnëss gaangen.

Elo hat de Cyclist net nëmme keng Luuchten a Reflekteren op sengem Vëlo, mee esou Helm, dee viru Schlëmmere schütze kéint, war dem Mann wuel och éischter als „iwwerdriwwe Virsiicht“ verkaf ginn. An esou ass et komm wéi huet misse kommen: de liichtfankege Personnage ass mam Kapp um Buedem opgeschloen an huet missen dréngend an d‘Spidol ageliwwert ginn. Gléck am Ongléck, de Mann huet sech net Liewensgeféierlech verletzt.

Bei esou engem Accident muss de Parquet informéiert ginn, an dësen huet d‘Spuresécherung vun der Police beoptraagt, déi genee Ëmstänn vun dësem Onfall ze klären. Datt de Mann weder Luuchten nach Reflekteren op sengem Vëlo hat, kéint deier ginn, well do dréckt och d‘Haftflicht keen A zou. Erschwéierend kennt derbäi, datt – och wann dat net vum Code de la Route virgeschriwwen ass – hie keen Helm unhat.

Illustratioun: Jo ouni Luucht a Reflekteren ëm dës Joreszäit on Tour ze sinn, ass wuel net déi beschten Iddi. Et ass och net esou, wéi wann net ëmmer nees géif drop higewise ginn, wéi wichteg dat awer fir déi eegen a fir d‘Sécherheet vun deenen aneren ass. Mee gutt, anscheinend schéngt sech „Jiddereen dierf esou domm si wéi hie wëll“ erëmgeschwat ze hunn. © Sapir Giladi Goveri / unsplash

Related topics Accident, Ambulanz, Helm, Lëtzebuerger Vëlosinitiativ, Luuchten, Police, ProVelo, Reflekteren, Vëlo
Next post Previous post