Search

You may also like

Kollektivvertrag bei Auchan erneiert
Neiegkeeten

Kollektivvertrag bei Auchan erneiert

De 24. Januar hunn d‘Gewerkschaften OGBL (Majoritär mat 12 vun13

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider
Neiegkeeten

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider

Den US-President huet e Mëttwoch onerwaart, dofir awer wéi gewinnt,

Käerjeng: Beweegung am Dossier afrikanesch Schwéngspescht & Zonk
Neiegkeeten

Käerjeng: Beweegung am Dossier afrikanesch Schwéngspescht & Zonk

Wéi d’Gemeng Käerjeng matdeelt, huet sech de 26. Juni 2019

Luuchten a Pneue Campagne 2020: „schwaach Batterien“

Am Kontext vun der alljäerlecher Sensibiliséierungscampagne huet den ACL säi Bilan virgeluecht

Luuchten a Pneue Campagne 2020: „schwaach Batterien“

Den ACL, ee wichtege Partner vun den Automobilisten an Motarden, bitt all Joer senge Memberen un virum Wanter d‘Luuchten an d‘Pneuen ze kontrolléieren. Esou och dëst Joer, woubäi… si stellen hei dann och fest datt:

„Méi wéi jee, stellt de Auto e privilegiéiert Verkéiersmëttel duer. Net nëmme fir all déi Mënschen déi baussent de gutt ofgedeckte Bus-/Zuchlinne wunnen, mee och well déi sanitär Kris een aluet virsiichteg ze sinn an déi sozial Distanz anzehalen. Eppes wat am ëffentlechen Transport net esou liicht anzehalen ass“.

E Gefier ze hunn datt „an der Rei“ ass, kann een dann och als essentiell betruechten. Et verwonnert dohier net, datt d‘Sensibiliséierungscampagne 2020 ee risegen Erfolleg war. Et gouf nieft de Pneuen an de Luuchten dann och de Gefierer hir Batterie gepréift. Ee wichtege Bestanddeel, dee jo awer grad an der kaler Zäit eng ganz wichteg Roll am Auto spillt.

Am Kontext vun der Campagne 2020 hunn d‘Techniker vum ACL-Diagnostikzenter hir Zelter op net manner wéi 11 Standuerter am Land opgeriicht. Vu Käerjeng bis Mäertert a vu Käl bis erop op d‘Wemperhaart, si dës Männer a Fraen den Automobilisten entgéint komm. Et goufen alles an allem 5.279 Tester op dësen 11 Plazen duerchgefouert.

Géintiwwer 2019 ass dat eng Progressioun vun 10,4%. Ee weider beweis dofir, datt den ACL eng wichteg Roll am Beräich vun der Verkéierssécherheet ageholl huet an dat esou och vun de Membere verstane gëtt. Richteg erfreelech – an dat ass jo den eigentlechen Zweck vun der Campagne – ass d‘Feststellung, datt et wéineg Mängel ginn huet.

Esou gouf et bei 3,83% vun de Luuchten defekter a leedeglech eng fofzeg Pneue waren net am Aklang mam Code de la Route. Dat ass erfreelech a léisst och de Schluss zou, datt d‘Leit op hir Gefierer uecht dinn. Et gëtt dann awer ee Beräich, deen d‘Techniker vum ACL eppes alarméiert huet: et happert bei de Batterien.

Tatsächlech ass et esou, datt vun den 1.587 geteste Batterien, 26% wierklech „schwaach op der Broscht“ waren. Déi géife bei Minustemperature wuel net méi hire Job maachen, wat dann eng Interventioun (Starthëllef) géif mat sech bréngen. Et mécht als duerchaus Sënn, datt wann ee säi Gefier op der Wanter virbereet, och do nozekucken.

Datt elo méi Batterien esou schlecht ofgeschnidden hunn, huet awer laut dem ACL och domadder ze dinn, datt d‘Leit méi laang mat hiren Autoe fueren. Zudeem sinn Autosbatterien, well mir jo ëmmer méi Elektronik an de Gefierer hunn, och wesentlech méi belaascht, wéi nach viru Joren. Do en A drop ze behalen, ass also net vu Muttwëll.

Foto: © ACL

Related topics ACL, Batterie, Luuchten, Pneuen, Sécherheet am Verkéier, Sensibiliséierungscampagne
Next post Previous post