Search

You may also like

Um Kierchbierg sinn Tram an e Bus net laanschtenee komm
Neiegkeeten

Um Kierchbierg sinn Tram an e Bus net laanschtenee komm

De Mueren ass et um Kierchbierg am der Alphonse Weiker

Ofso vun den traditionelle „Liichtwochen“ zu Wolz
Neiegkeeten

Ofso vun den traditionelle „Liichtwochen“ zu Wolz

Mat de klammenden Infektiounszuelen an der domat verbonnener Onsécherheet hunn

money
POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?
Neiegkeeten

POST Lëtzebuerg: als Entreprise um gudde Wee?

Déi „Privat Entreprise mat Staatskapital“ POST Lëtzebuerg huet gëschter säi

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag

Den OGBL informéiert, datt si als majoritär Gewerkschaft zesumme mam LCGB, de 17 Juli 2019 mat der Direktioun vu Lux-Airport en „Accord e Principe“ fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag (CCT) ënnerschriwwen hunn.

De koordinéierten Text vum Kollektivvertrag soll spéitstens am September ënnerschriwwe ginn. De neie Kollektivvertrag ass da gülteg fir zwee Joer. E gëllt dann awer réckwierkend op den 1. Januar a bleift gülteg bis den 31. Dezember 2020. Folgend Verbesserunge konnten ausgehandelt ginn:

  • Erhéijung vun de „Chèques-Repas“ op 10,80 Euro fir all d‘Mataarbechter;
  • ofschafe vum reduzéierte Loun, déi bei de Salariéeën déi säit 2016 agestallt goufen ugewannt ginn ass, dat dank der Ofschafung vun de negative Barèmen (-1,-2,-3) an de Reajustement entspriechend der Anciennetéit vun alle Salariéeën déi vun dësen negative Barème betraff waren;
  • ofschafe vun der 12 Méint-Konditioun am Beruff, fir Zougang zum Beruff als Sécherheetsagent;
  • Lounerhéijung vun 1,5% zum 1. Januar 2019 an dem 1. Januar 2020 fir d‘Salariéeën um Enn vun der Gehältertabell, déi an hirer finanzieller Entwécklung blockéiert waren;
  • d‘Schafe vun enger Aarbechtsgrupp, zur Elaboratioun vun enger neier, méi attraktiver an de Realitéite vu den ënnerschiddleche Beruffer vum Fluchhafen ugepasste Gehältertabell;
  • d‘Revisioun vun de Funktioune, fir déi nei, nach net representéiert Beruffer ze integréieren;
  • Verbesserung vum mobillen Horaire, fir déi Salariéeën déi net op Schichte schaffen;
  • Upassung vun de Congésdeeg vu 25+3 op da 26+3 zousätzleche Congésdeeg:
  • d‘Zuel vun de bezuelten Absence fir Bluttspender, gëtt op dräi bezuelten Absence pro Joer ugehuewen.

D‘Gesellschaft Lux-Airport, wou de Staat eenzegen Aktionär ass, beschäftegt aktuell 309 Salariéeën a geréiert d‘Exploitatioun vun der Aerogare um Findel.

Matgedeelt vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB

Related topics Kollektivvertrag, LCGB, Lux-Airport, OGBL
Next post Previous post