Search

You may also like

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!
Neiegkeeten

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!

Um Donneschdeg, de 7. November 2019 organiséiert d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI),

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?
Neiegkeeten

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?

Et ass ewell 56 Joer hir, datt de britesche Regisseur

Rockhal: Den Ian Paice an d’Klassiker vun Deep Purple
Neiegkeeten

Rockhal: Den Ian Paice an d’Klassiker vun Deep Purple

Um 23. November 2019 wäert den Ian Paice, legendäre Batteur

Luxair… wéi ee Phoenix aus den Äschen

Luxair… wéi ee Phoenix aus den Äschen

Am Kontext vun der Tripartite-Aviatioun, wou sech viru gutt engem Mount erauskristalliséiert hat, datt eigentlech just d‘Luxair – am Kontext vun Aarbechtsplazen – ee Suergekand ass, war sech am Sënn vu ronn 600 Mataarbechter op ee prinzipiellen Accord verstännegt ginn. Et ass jo och primär drëms gaangen, all dës leit an Aarbecht ze halen, en Zil dat schéngt erreecht ginn ze sinn.

Dofir bleift de provisoresche Bilan éischter decouragéierend. Vergläicht een d‘Zäitraim „Januar – Oktober“ vun de Joren 2019 / 2020 esou Verzeechent d‘Luxair ee Réckgang bei de Passagéierzuele vu 70%. Datselwecht Bild bitt sech logescherweis och bei LuxairTours (-63%) un. An awer wollt de Mobilitéitsminister François Bausch sech op déi positiv Zeechen an d‘Perspektive konzentréieren.

De grénge Minister erhofft sech, datt de Loftfaartsecteur bis 2024 nees an den Normalbetrib zréck fonnt huet. Mee dorëms dierft et de Beschäftegte vun der Luxair gëschter net gaange sinn. Déi hu sech fir den Accord interesséiert, deen um Virmëtteg tëscht der Regierung, de Gewerkschaften an der Luxair ënnerzeechent ginn ass. An do heescht et, datt kee Salariée „kal entlooss“ géif ginn.

Trotzdeem ginn d‘Effektiver bei der Luxair restrukturéiert. Déi ganz Rëtsch u legalen Instrumenter – Kuerzzäitaarbecht, Preretraite, Reklassement an/oder Ausléine vun der Aarbechtskraaft – solle fir den Zäitraum 2021/23, mat 50 Milliounen Euro gestäipt ginn, esou wëll et de Finanzminister Pierre Gramegna (DP). Esou géif verhënnert datt Mataarbechter duerch dat soziaalt Netz géife falen…

Wat ass dann elo virgesinn?

De Volet „Aarbechtserhaltung“ ass vum Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) presentéiert ginn, an dat kléngt op den éischte Bléck alles zimmlech schlësseg: Den Accord betrëfft 587 Salariéeën, dovunner ginn der eng Partie an eng Zell fir de konjunkturelle Reklassement gestach (si kënnen zu all Ament vun der Luxair reaktivéiert ginn) aner kommen an d‘Zell fir de strukturelle Reklassement (hir Plaze falen ewech – si kréie Formatioune fir eng nei nohalteg Beschäftegung ze fannen) an ee leschte Grupp soll iwwer déi nächst dräi Joer vun der Preretraite profitéiere kënnen.

Mir sollten eis zudeem och bewosst sinn, datt d‘Luxair eng vun den Entreprisen am Land ass, déi als „systemesch“ – also fir eis Wirtschaft wichteg – gëllt. Et muss een dës Entreprise um Liewen halen, well een se och an Zukunft nach wäert brauchen. De Lëtzebuerger Staat ass jo Haaptaktionär an d‘Direktioun vun der Luxair soll ee ganz interessante Businessplang virgeluecht hunn.

Domadder schéngt dann elo och déi am Gespréich befëndlech Kapitalerhéijung vum Dësch ze sinn. Den Dan Kersch weist och nach drop hin, datt d‘Ënnerstëtzung duerch den Aarbechtsfong de grousse Virdeel huet, net musse vun der EU-Kommissioun validéiert ze ginn. Bei enger direkter Staatshëllef wier dat de Fall gewiescht. An hien hat nach eng weider gutt Nouvelle ze verkënnen.

Net schlecht geschafft

Esou gouf no véier Tripartite-Sëtzungen och nach de bestoende Kollektivvertrag bis 2024 verlängert an alles wat zu de sozialen Acquise gehéiert bleift erhalen. Eenzeg an eleng d‘Erhéijung vun de Paie bleift bis op weideres ausgesat. D‘Gewerkschafte sinn dann och grondsätzlech mat dem erreechten zefridden. Sécher, et konnten net all d‘Aarbechtsplaze gerett ginn, mee et goufe Léisunge fonnt.

D‘Michelle Cloos (OGBL) begréisst datt et net zu Licenciementer kënnt an d‘Mataarbechter sozial begleet ginn. Fir de Robert Fornieri (LCGB) ass et wichteg, datt hei en Accord konnt fonnt ginn, dee vun allen Acteure gedroen an vun de Betraffene verstane gëtt. Elo ass natierlech nach näischt iwwerstanen, firwat et ofzewaarde gëllt wéi et sech entwéckelt. Mee et gëtt scho Beispiller…

Esou huet de Gesondheetsministère dann emol als éischt op déi fräigesaten Humanressource zougegraff. Eng fofzeg Leit sollen esou den Effektiv vun der Covid19-Zell verstäerken, dat méi prezis am Tracing. D‘Buschauffere vun der Luxair sollen am RGTR aushëllefen/ersetze wann duerch Covid19 oder aus anere Grënn, d‘Personaldecken ze dënn gëtt. Wat seet een do? Et rullt…

Interessanten Optimismus

Op den Direkter vun der Luxair, Gilles Feith, all seng Entscheedungen och esou treffe géif, wann et ëm säin eegent Geld géif goen? Vläicht dierf vun engem fréiere Beamten net ze vill verlaangen an hien huet jo den Ament och wierklech net einfach. Näischt méi esou wéi et war, an eigentlech ass et logesch, datt d‘Leit ënnert dësen Ëmstänn hir Reesen ëmmer méi op de leschte stëppel reservéieren.

Gëschter huet et dann och geheescht, datt een de richtege System fonnt hätt, fir gläichzäiteg der Demande vun de Clienten, wéi och hiren Uspréch gerecht ze ginn, ouni dofir de Präis vum Ticket méi deier maachen ze mussen. De Gilles Feith huet nach emol erkläert, datt et elo och drëms geet, d‘Konnektivitéit ze erhalen. Et wier wichteg déi grondsätzlech Destinatiounen ze bedéngen.

Et gëtt dann awer net nëmmen ëm „Grondsätzleches“ firwat bei LuxairTours d‘Offer fir déi schéi Joreszäit – also Chrëschtdag – nach eppes erweidert ginn ass. Och fir dat kommend Fréijoer huet d‘Luxair nei Destinatiounen ugekënnegt, dorënner Usedom, eng vun de flotten däitschen Inselen an der Nordséi. Mee gutt, fir den Ament dierft et deene mannsten no Reese sinn…

Illustratioun: © Richard Gatley / unsplash

Related topics Gewerkschaften, Kollektivvertrag, LCGB, Luxair, OGBL, Preretraite, Regierung, Tripartite
Next post Previous post