Search

You may also like

money
Et ginn nees masseg Autoe verkaf
Business Neiegkeeten

Et ginn nees masseg Autoe verkaf

Den Autosalon war wéinst der sanitärer Kris net wierklech dat

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter
Business Neiegkeeten

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter

Wéi ech vum Tageblatt en Artikel mam Titel „Bequeme Künstler?“

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!
Business Neiegkeeten

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!

Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op

Interessante Programm bei der Luxair

Interessante Programm bei der Luxair

Datt et der Luxair wéinst der Coronaviruskris net gutt geet, Leit hu missen anerwäerteg beschäftegt ginn an et net esou ausgesäit, wéi wann 2021 en erfollegräicht Geschäftsjoer géif ginn, dat alles ass gewosst. Fir de Gilles Feidt a seng Mataarbechter allerdéngs kee Grond d‘Hänn an de Schouss ze leeën. Et muss no vir gekuckt ginn, an am Hibléck op d‘Weltausstellung zu Dubai ass eppes dran…

Lëtzebuerg ënnerhält gutt Bezéiunge mat de Vereenten Arabeschen Emirater (UAE) an dat net eleng wéinst der Cargolux, déi zanter Joerzéngten als Fracht-Operateur Dubai uflitt. Och d‘Weltaustellung huet derzou bäigedroen, datt sech eist Land nach eppes méi no un dat sech duerch Demokratie an de Respekt vun de Mënscherechter auszeechnend Emirat konnt erumaachen. Wann s de eppes kanns…

Vill Destinatioune vun der Luxair sinn jo den Ament eppes „komplizéiert“ – hei besonnesch déi brittesch Insel, an dat wéinst der Covid19-Mutatioun B.1.1.7. – an do kommen déi nei Ziler grad richteg. Lëtzebuerg – Dubai – Ras Khaimah (an ëmgedréit) ass déi nei Fluchroute déi d‘Luxair an d‘Programmer ophëlt, woubäi dëse Service (nach) net Linneflich ze zielen ass. Et gëtt nach getest.

Den éischte Fluch soll et laut dem Communiqué e Méindeg de 15. Februar (Retour den 19. Februar) zum Präis vu 649 Euro (alles Inklusive) ginn. Laut der Luxair eng „innovativ Offer“. Net ganz esou innovativ, mee och interessant, déi schwedesch Wantersportdestinatioun Sälen, zum selwechten Datum awer engem anere Präis. Domadder sollt d‘Fuesvakanz fir ee puer Auserwielter gerett sinn.

Ee Beitrag zur Klimaneutralitéit

An och fir de Summer huet et Ukënnegungen an ee puer Destinatioune sollen esouguer ausgebaut. Ob wéinst der Pandemie hei Komplikatiounen entstoe kënnen? Fir wéi eng Destinatiounen et en negative Copvid19-Test an/oder deemnächst en Impfpass brauch? Dozou gouf am Communiqué näischt gesot. Mee et gëtt 3 nei LuxairTours-Broschüren: VakanzHappy SummerExcellence.

Wann et fir den Transportminister François Bausch (déi gréng) bestëmmt schéin ass ze héieren, datt sech d‘Luxair Perspektive schaaft, esou ass et och ëmmer ee bëssen eng Fro vum Timing, wéini een esou Annonce mécht. Zum selwechten Ament wéi dem Gilles Feidt seng Marketingexperten déi nei Destinatioune bekannt ginn hunn, huet den Energieminister vu Klimaneutralitéit geschwat.

Datt fléien alles wéi just net Klimafrëndlech ass, an och d‘Hierstellung vun e-Autoen en zolitte CO²-Foussofdrock hannerléisst, hei zudeem staatlech-privat Entreprisen dann och nees a gewësser Mooss eng Aart Monopol zougeschoustert kréien, stéiert de Minister Claude Turmes a kengster Weis. Säin Zil: d‘Land an Klimaneutralitéit ze féieren an zum Virbild an Europa ze maachen.

Hei gëtt da wuel nees drop higewisen, datt béides zwar „Mobilitéit“ ass, mee sech béides net mat enaner vergläiche léist. Dat kann een esou stoe loossen, firwat et besser ass op d‘Schnëttpunkter tëscht Fligerei an Elektromobilitéit hinzeweisen: béides gëtt maximal Subventionéiert a vu béidem profitéieren an éischter Linn déi finanziell besser situéiert Matmënschen. Gréng wierkt eben…

Illustratioun: © Yousef Alfuhigi / unsplash

Related topics Fuesvakanz, Klimaneutralitéit, Luxair, LuxairTours, Mobilitéit, Summervakanz
Next post Previous post