Search

You may also like

Editorial: Ass et wierklech esou komplizéiert?
Neiegkeeten

Editorial: Ass et wierklech esou komplizéiert?

Et ass jo net esou, wéi wa mir et net

Bestietnes tëscht FNCTTFEL-Landesverband an OGBL
Neiegkeeten

Bestietnes tëscht FNCTTFEL-Landesverband an OGBL

Säit gëschter gehéiert den FNCTTFEL-Landesverband provisoresch zum OGBL. Nom Kongress

Et war Zäit fir eng Entschëllegung (Kommentar)
Neiegkeeten

Et war Zäit fir eng Entschëllegung (Kommentar)

Am Communiqué vum 9. Mäerz säitens dem 70 järege President

Luxair lancéiert en Appell un déi lëtzebuergesch Autoritéiten

Luxair lancéiert en Appell un déi lëtzebuergesch Autoritéiten

Well déi sanitär Gesondheetssituatioun sech lues awer sécher verbessert, lackeren ëmmer méi europäesch Länner d’Gesondheetsbeschränkunge fir d’Arees vu Kanner. An dësem Kader gouf decidéiert, datt bis de 15. Juli Kanner déi zeréck op Lëtzebuerg kommen, obligatoresch getest musse ginn.

Portugal, Griicheland a Spuenien hunn d’Altersgrenz op 12 Joer erhéicht. Bei de Schweden sinn et 18 Joer, Dänemark ass mat 15 Joer dobäi, d’Schwäiz mat 16 a Frankräich sou wéi England mat 11 Joer. Et ass vu Land zu Land verschidden. Mee et ass iwwerall d’selwecht, erëm an d’Vakanz ze fléien ass fir jiddwereen eng grouss Erliichterung.

D’ULAV (Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages) a Luxair ruffen dozou op, méi un déi mannerjäreg Kanner ze denken, zemools wann d’Eltere scho geimpft sinn. Et ass immens wichteg eise Kanner e bësse Fräiheet zeréck ze ginn, mee de Wee an d’Normalitéit, dee vu Lëtzebuerg ageschloe gouf, stéisst bei ville Länner op Onverständnis an der Ëffentlechkeet.

D’Liewe vun de Reesende gëtt erschwéiert, an datt Kanner weider Verflichtungen operluecht kréien, obwuel si net zu de vulnerabele Leit gehéieren, erschwéiert dat Ganzt an dréit sécher dozou bäi, datt et bei munchen zu psychesche Problemer kënnt.

Dobäi kënnt nach, datt Kanner d’Tester als onangenehm empfannen. Dëse komplexe Prozess ass nawell eng däitlech Barrière, an dat net nëmme fir d’Organisatioun, mee och fir zousätzlech Käschten, déi op Familljen duerkommen. D’Tourismusbranche steet virun der gréisster Erausfuerderung zënter Joerzéngten, Ënnerstëtzung ass néideg.

Et hunn well vill Familljen hier Vakanz reservéiert, Luxair huet alles gemaach fir hinnen en uerdentleche Service un Qualitéit a Flexibilitéit unzebidden. A genee dofir starten si elo eng grouss Campagne mat de beléifte LUXiClubs. Et ass déi perfekte Méiglechkeet nees op aner Gedanken ze kommen a positiv Momenter ze erliewen.

Jo, an der Vakanz kann een déi batter Coronazäit een Ament hannert sech loossen a sech nees op d’Liewen an déi gutt Saache fokusséieren. Fir Reesend an Tourismusfachleit net ze bestrofen, fuerdert Luxair elo, datt d‘Screeningtester fir Kanner ab 14 Joer, an a Begleedung vun den Eltere gëllen.

Opmaacherbild: © Luxair

Related topics Corona, Flexibilitéit, Fluchrees, Luxair, LUXiClub, Pandemie, Testen, ULAV, Vakanz
Next post Previous post