Search

You may also like

Houston bereet sech op seng zweet Nuecht „ënner Waasser“ vir
International Neiegkeeten

Houston bereet sech op seng zweet Nuecht „ënner Waasser“ vir

Houston, déi gréisste Stad vum Texas, huet sech um Sonndegowend

De Boris, d‘Uschi an de Brexit
International Neiegkeeten

De Boris, d‘Uschi an de Brexit

Well sech London queesch stellt, de Boris Johnson eng Revisioun

Spuenesch fir „Meenungsfräiheet“
International Neiegkeeten

Spuenesch fir „Meenungsfräiheet“

De Rapper Pablo Hasels beleidegt a rifft zur Gewalt géint

Luxembourg Air Rescue: Keng politesch Grenzen an der Loftrettung

Luxembourg Air Rescue: Keng politesch Grenzen an der Loftrettung

Zënter e Samschdeg ass d’Luxembourg Air Rescue (LAR), op Ufro vun der franséischer Regierung, mat hiren Ambulanzjets an zwee Helikopteren am Noutsystem vum franséische SAMU mat agebonnen.

An der selwechter Nuecht huet d’LAR Patienten, déi mam Covid-19 infizéiert sinn, aus dem Oste vu Frankräich op Hamburg zur Weiderbehandlung bruecht. D’Rettungsflich si mat den Ambulanzjets Learjet 45XR duerchgefouert ginn. D’Luxembourg Air Rescue verfüügt iwwert een entspriechend ausgebilt Fachpersonal fir den Transport vu schwéierkranken, héichinfektiéise Patienten.

Luxembourg Air Rescue

© LAR

Den Transport vun de Patienten stellt héich Ufuerderungen un d’LAR-Mataarbechter. „Bei dësen Asätz kommen eis déi 30 Joer Erfarung mat iwwer 50.000 Asätz, sou wéi d’Erfarung bei den 2015 duerchgefouerten Ebola-Asätz geleeën“, sou de René Closter, CEO a President vun der LAR.

An der Loftrettung ginn et fir d’LAR säit laangem keng politesch Grenzen méi. Et ass fir eis normal, datt mir eisem Nopeschland an dëser Noutfallsituatioun Hëllef leeschten“, erkläert de René Closter weider.

Luxembourg Air Rescue

© LAR

Zur Luxembourg Air Rescue

D’Luxembourg Air Rescue ass 1988 gegrënnt ginn an zielt mëttlerweil iwwer 183.000 Memberen. Si besteet mat hirer operativer Duechtergesellschaft, der Luxembourg Air Ambulance (LAA), nieft 6 Helikopteren vum Typ MD902, elo aus 6 ultramodernen Ambulanzjets vum Typ Learjet 45XR. D’LAR huet déi sozial Aufgab, duerch den Asaz vu Rettungshelikopteren an Ambulanzjets d’Liewe vu Mënschen an Nout ze retten an hir Gesondheet ze erhalen.

Dat geschitt zu Lëtzebuerg, der Groussregioun a weltwäit, dat ganzt Joer iwwer. Mat 190 Mataarbechter setzt d’LAR héchst Sécherheets a medezinesch Qualitéitsstandards. Fir déi professionell a kompetent Aarbecht am Beräich vun der Réckféierung vu Patienten an den Ambulanzjets huet d’LAR-Grupp de Präis „Best Air Ambulance Provider in the world“ kritt.

Méi Informatioune ginn et ënnert www.lar.lu.

Opmaacherbild: © LAR

Related topics Coronavirus, Covid-19, Frankräich, Infektioun, Learjet 45XR, Luxembourg Air Ambulance, Luxembourg Air Rescue, SAMU, Typ MD902
Next post Previous post