Search

You may also like

money
De Weltwirtschaftsforum vun Davos, erkläert
Neiegkeeten

De Weltwirtschaftsforum vun Davos, erkläert

Gëschter ass zu Davos, wéi all Joer ëm dës Zäit,

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten
Neiegkeeten

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten

Leschte Freiden huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg déi

Pipo Peng: Märeler Park
Neiegkeeten

Pipo Peng: Märeler Park

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

En neie Fliger fir d‘Luxembourg Air Rescue

Modern an immens nëtzlech: de Learjet 45XR gehéiert zu deene modernste Fluch-Ambulanzen

En neie Fliger fir d‘Luxembourg Air Rescue

Virun zwee Deeg ass en ukomm. De Learjet 45XR mat der Immatrikulatioun LX-TWO gouf bei senger Arrivée um Findel, wéi et sech an der Aviatioun gehéiert, vun de Pompjeeë mat der grousser „Kanoun“ gedeeft. Et ass dee 6. Fliger vum LAR an eng gutt Investitioun an d‘Zukunft.

De CEO a President vu Luxembourg Air Rescue, René Closter, erkläert am Zesummenhang mat der Acquisitioun, datt et sech bei dësem Fliger, ëm eng vun de modernste Fluch-Ambulanzen handelt déi ee fir Geld kafe kann. Dësen neie Fliger ass mat de performantste medezineschen Apparater ausstafféiert an garantéiert de Memberen an/oder Patienten och an Zukunft gutt behandelt ze ginn.

Luxembourg Air Rescue ass eng Entreprise där d‘Aarbecht net ausgeet, wat dësen neie Fliger jo och a gewësser Mooss bestätegt. Un der Aarbecht selwer ännert sech näischt. De Geschäftszweck vun der LAR ass de Rapatriement vun hire Memberen, Blesséierten oder soss erkrankte Persounen an hir respektiv Länner. Zu dësem Zweck sinn all d‘Fliger entspriechend equipéiert ginn.

Nieft de Pilote gëtt et eng spezialiséiert medezinesch Ekipp. Déi besteet aus mindestens engem „Médecin-Urgentiste“ an engem Infirmier deen entspriechend dësem Asazgebitt ausgebilt ginn ass. De LAR ass international am Asaz. 2018 huet d‘Luxembourg Air Rescue 842 Missiounen an 81 Länner ausgefouert. Et ass also net esou, datt ee bei der LAR d‘Daimercher dréine géif.

Geschenkt ass en Asaz vun der LAR allerdéngs och net. Bei „kuerzen“ Distanze wéi beispillsweis déi kanaresch Inselen, leien d‘Käschte fir e Krankentransport bei ronn 30.000 Euro. Mee dat ka schonn emol bis 100.000 Euro kaschten, wann een aus Thailand muss rapatriéiert ginn. Dat esou festgestallt mécht däitlech, datt sech eng „Memberskaart“ vun dëser Entreprise, duerchaus lount.

Fir d‘Memberen ass de Rapatriement jo „Gratis“. Mee Gratis ass am Noutfall net dat wourop et ukënnt. Hei geet et ëm Kompetenz a Savoir-faire, an datt d‘Luxembourg Air Rescue dat huet, kann een u villen Auszeechnunge festmaachen. Déi wichtegst dierft den international unerkannte Präis „Best Air Ambulance Provider in the World“ duerstellen. Dat ass nees e staarkt Stéck Lëtzebuerg…

Archivbild: © LAR

Related topics Fliger-Ambulanz, LAR, Learjet 45XR, Luxembourg Air Rescue, René Closter
Next post Previous post