Search

You may also like

Piano Days
Kultur Neiegkeeten

Piano Days

Nodeems d‘Editioun vun de „Piano Days“ 2018 am Stater Conservatoire

Covid19: D‘Zuel vun den Neiinfektiounen hëlt nees zou
Kultur Neiegkeeten

Covid19: D‘Zuel vun den Neiinfektiounen hëlt nees zou

Iwwer déi lescht Wochen hat sech d‘Lag am Kontext vun

Verséisst dir déi final Staffel vun Unbreakable Kimmy Schmidt dëse Weekend?
Kultur Neiegkeeten

Verséisst dir déi final Staffel vun Unbreakable Kimmy Schmidt dëse Weekend?

Unbreakable Kimmy Schmidt war eng vun den éischten Netflix-Sitcoms, déi

Luxembourg Gaming Xperience 2019 – kënnt Game Of Thrones op Lëtzebuerg?

Luxembourg Gaming Xperience 2019 – kënnt Game Of Thrones op Lëtzebuerg?

D’Preparatiounen zur 4. Editioun vun der LGX – Luxembourg Gaming Xperience lafen op Héichtouren. An dësem Joer wëll een de Visiteuren een Erliefnis op nach méi héijem Niveau bidden. Dofir sollt all Gamer a virwëtzeg Persoun sech onbedéngt den 28. an 29. September fräi halen.

No 3 Joer am Casino 2000 zu Munneref wollt d’LGX – Luxembourg Gaming Xperience een Tapéitewiessel. Mat neier Locatioun an der Luxexpo The Box gëtt d’Fläch vum Salon vun 1500 m² op 6400 m² vergréissert a bitt soumat och méi Espace fir Erliefnisser, Iwwerraschungen a Concoursen. Kee Wonner, datt méi wéi 10.000 Visiteuren erwaart ginn!

LGX

© LGX

LGX 2019 – Dräi nei Universen?

D’LGX konzentréiert sech virun allem op de Gaming, Esports an nei Technologien. A Kombinatioun mat Pop- a Geek-Kultur gëtt dem Visiteur ee breede Spektrum un Aventure gebueden. Dës Editioun schmécken divers nei Zonen d’Convention: Merch, japanesch Kultur, imaginär Welten a villes méi wäerten ze fanne sinn.

Natierlech gëtt och géinteneen ugetrueden. An dësem Joer ginn op der Plaz ganzer 15 Esport-Tournoien organiséiert, bei deene bis zu 800 Participanten erwaart ginn. Fir déi final Phasë kënnen d’Visiteuren hautno bei der grousser Bühn vum Salon dobäi sinn an d’Gamer ënnerstëtzen.

LGX

© LGX

Spezielle Besuch: Do schléit d’Häerz méi schnell

Fir déi 4. Editioun vun der LGX huet d’BIL – Banque internationale à Luxembourg eng enorm Iwwerraschung fir all Game Of Thrones. Den Tom Wlaschiha, deen an der erfollegräicher Serie den Jaqen H’ghar spillt besicht Lëtzebuerg! Um Samschdeg, den 28. September 2019 fannt Dir den Acteur um Stand vun der BIL.

LGX

© LGX

Weider Informatiounen

D’LGX – Luxembourg Gaming Xperience 2019 gëtt um 28. an 29. September an der Luxexpo The Box organiséiert. Vun 10:00 bis 18:00 Auer (Virverkaf an Invitéeën ab 9:00 Auer) kann een de Gaming-Universum an all senge Facette kenneléieren.

D’Entrée läit am Virverkaf bei 10 e den Dag oder 15 € fir ee Weekend. An der Kees läit ee bei 12 € den Dag, Kanner ënnert 10 Joer si gratis. Weider Detailer an de genaue Programm fannt Dir op www.lgx.lu.

LGX

© LGX

Related topics BIL, Game of Thrones, Gamer, Geek, Japan, LGX, Luxembourg Gaming Xperience
Next post Previous post