Search

You may also like

5 Bicher, déi s de zu Halloween liese kanns
Neiegkeeten

5 Bicher, déi s de zu Halloween liese kanns

Halloween steet virun der Dier. An domatter eng ganz speziell

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt
Neiegkeeten

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Zu Lëtzebuerg kann een 2017 als Joer vum Vëlo bezeechnen.

D‘Concerten an der Mëttegstonn gi relancéiert
Neiegkeeten

D‘Concerten an der Mëttegstonn gi relancéiert

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d‘Stad Lëtzebuerg hunn

Luxembourg Mini Maker Faire – 1580 Persounen hunn deelgeholl!

Luxembourg Mini Maker Faire – 1580 Persounen hunn deelgeholl!

Déi éischt Luxembourg Mini Maker Faire huet mat 1580 Participanten een immense Succès erlieft. Un iwwer 30 Stänn hunn Heemwierker, Bastler, Tüftler a Wëssenschaftler hir rezent Projeten an Aarbechte gewisen, oder souguer invitéiert fir selwer ze probéieren.

„De jéngste vun dëse „Maker“ hat 11 Joer, den am wäitsten Ugereeste kënnt aus Japan“, erfreet sech de Christian Moll, deen als ee vun den Organisateuren och nach d’Dronen-Arena betreit huet. Um Sonndeg Nomëtteg huet d’Kulturministesch Sam Tanson d’Foire besicht a sech iwweraus begeeschtert gewise vun de kreativen Talenter.

Luxembourg Mini Maker Faire

© Pierre Weber

„Nieft der wëssenschaftlecher Komponente ass dat kreatiivt Erugoen un d’Projeten ee wichtege Facteur fir ee gutt Ëmsetze vun eegenen Iddien“,sou de Joao Martins, dee selwer schonn divers Workshops fir Kanner entwéckelt huet. Vum ëmgebauten Telefon iwwert eng Schwammka, déi Feedback gëtt bis hin zum selwer zesummegebaute Persounefliger konnten d’Visiteuren sech vun der Diversitéit vun den Aussteller ustieche loossen.

Am Kader vun der Maker Faire huet och ee Roboter-Wettkampf stattfonnt, bei dem am Ganzen 8 Gruppen ugetruede sinn. Iwwert de ganzen Dag verdeelt goufe Kompetitioune gemaach, Roboter sinn ausgescheet an et goufen Endronnen ausgedroen. Gewonnen huet schlussneldech d’Grupp TechNoLogic. „De Concours huet eis zudeem erméiglecht eng Ekipp zesummenzestellen, déi Lëtzebuerg bei der dësjäreger Roboter-Weltmeeschterschaft zu Dubai vertriede wäert“, erkläert de Marc Teusch.

Luxembourg Mini Maker Faire

© Pierre Weber

D’Luxembourg Mini Maker Faire gouf koordinéiert vun der Vereenegung make it, an enger Zesummenaarbecht mam Tudor Museum an der Gemeng Rouspert-Mompech. D’Event ass ouni Tëschefäll ofgelaf an d’Zuel u Participante bestätegt d’Organisateuren doran, eng weider Editioun am nächste Joer ze lancéieren.

Opmaacherbild: © Pierre Weber

Related topics Christian Moll, Gemeng Rouspert-Mompesch, kreativ Iddien, Luxembourg Mini Maker Faire, Roboter-Wettkampf, TechNoLogic, Technologie, Tudor Museum
Next post Previous post