Search

You may also like

surprise
Sozialversécherung: d‘Prioritéite vun 2018 sti fest
Kultur Neiegkeeten

Sozialversécherung: d‘Prioritéite vun 2018 sti fest

De Sozialversécherungsminister Romain Schneider huet en Dënschdeg, déi fir 2018

Rock um Knuedler: Programmännerung!
Kultur Neiegkeeten

Rock um Knuedler: Programmännerung!

Wéi de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg

money
Krunnewaasser am Restaurant?
Kultur Neiegkeeten

Krunnewaasser am Restaurant?

Et ass eng sécherlech gutt gemengte Petitioun, d‘Restaurateure per Gesetz

Eng wäertvoll Formatioun fir jonk musikalesch Talenter

Am Fréijoer gouf d‘Kreatioun vun der Luxembourg Philharmonic Orchestra Academy (LPOA) ugekënnegt, gëschter hunn déi siwen ausgewielte jonk Talenter hiren éischte Concert an der Philharmonie gespillt. Eng intensiv Formatioun vun zwee Joer erwaart d‘Museker, déi aus der ganzer Welt ugereest sinn, fir vun der neier Institutioun ze profitéieren.

D‘Welt vun der Musek ass immens kompetitiv, an der Reegel melle sech nämlech op eng Plaz 25 Museker. Dobäi ass all Erfarung wäertvoll a fir Concoursen hëllefräich. Esou soll d‘Lëtzebuerger Akademie als Transitiounsphas tëscht Schoul a Beruffsliewen déngen, erkläert den Andreas Heinzmann, President vun der LPOA.

En historesche Moment

Déi motivéiert Studente si knapp 2 Wochen am Land, hunn awer an där Zäit scho méi erlieft, wéi si sech erwaart hunn. Mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg krute si eng Wunneng bei der Gare zur Verfügung gestallt, wou si déi nächst Méint zesumme liewen, prouwen a sech entfale wäerten.

Zäit fir am neie Land unzekommen hate si awer nach net. Gëschter stoung den éischte Concert, zesumme mam OPL an der Philharmonie un. An dëser Woch stinn nieft Prouwen nach Opnamen um Programm, de 24. September stinn d‘Studenten mam Orchester an dem franséischen Acteur a Bariton Lambert Wilson op der Bün, trieden am Oktober am Groussen Theater op. Uschléissend geet et fir Donauschinger Musiktage an d‘Ausland.

D‘LPOA ass eng wäertvoll Formatioun, déi awer och mat immenser Ustrengung, Stress an engem volle Kalenner anhir geet. Dëst si sech net nëmmen déi jonk Museker, mee och de Gustavo Gimeno, Chefdirigent vum OPL bewosst. Nieft den Optrëtter mam Orchester kréie si schliisslech och perséinlechen Training ugebueden, dat net nëmmen op hiert Instrument bezunn, mee och beispillsweis an de Beräicher Yoga a Kommunikatioun.

Bei dësem stramme Programm ass et ideal am Grupp ze sinn. Esou kann een deen anere motivéieren an inspiréieren.

„Et ass en historesche Moment“, sou de Gustavo Gimeno dee sech scho bei der Ukënnegung op dës Initiativ gefreet huet. Ëmsou méi opreegend ass et fir hien, datt d‘Kreatioun vun der Akademie elo Realitéit ginn ass a jonk Museker sech um Wësse vun engem Top-Orchester beräichere kënnen.

Luxembourg Philharmonic Orchestra Academy
© Sébastien Grébille

D‘Konkurrenz war staark!

De Ryou Banno (Violin), de Lucas Henry (Violoncello), d‘Martyna Kaszkowiak (Violin), d‘Haruka Katayama (Violin), d‘Aya Kitaoka (Violin), d‘Élise Rouchouse (Perkussioun) an den Nazar Totovytskyi (Violin) gehéieren zu de glécklechen Auserwielten, déi sech géint 288 Konkurrenten duerchsetze konnten.

Am Abrëll 2021 gouf den Opruff gestart, wéineg Wochen drop stoungen u 4 Deeg Auditiounen un. Dobäi ass et net nëmmen ëm Talent gaangen. De Jury wollt Potential gesinn, d‘Méiglechkeet Diamanten ze schläifen. Si solle gefërdert an op d‘Erausfuerderunge vum Musekerliewe virbereet ginn.

Ma, och heivir huet d‘Akademie sech Sponsoren gesicht, déi d‘Institutioun mat Häerzblutt ënnerstëtzen. Esou wollt ënnert anerem e Representant vu Clearstream un der Konferenz deelhuelen. E Liewe voller Bildung, awer och der Kultur eppes zeréckzeginn si fir d‘Entreprise just e puer vu ville Punkten, wisou si d‘Akademie fërdere wëllen.

Profitéieren d‘Studente vun enger exzellenter Formatioun, esou gëtt och dem OPL eng nei Dimensioun geschenkt. Net nëmmen den Austausch mat jonke Museker ass méiglech, mee och op internationalem Niveau kréien begaabt Talenter ëmsou méi Loscht, sech fir eng Plaz zu Lëtzebuerg ze bewerben.

Dir wëllt nach méi iwwert d‘Luxembourg Philharmonic Orchestra Academy (LPOA) gewuer ginn, d‘Museker kenneléieren a vläicht souguer en Optrëtt vun hinne besichen? Da kuckt laanscht op www.lpoa.lu.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie mat Andréck vun der Pressekonferenz © Sébastien Grébille

Related topics Aya Kitaoka, Bildung, Concert, Élise Rouchouse, Formatioun, Gustavo Gimeno, Haruka Katayama, Lucas Henry, Luxembourg Philharmonic Orchestra Academy, Martyna Kaszkowiak, Musek, Nazar Totovytskyi, OPL, Ryou Banno
Next post Previous post