Search

You may also like

Wéi gudd kenns du dech mat der Fussballweltmeeschterschaft aus?
Business Neiegkeeten

Wéi gudd kenns du dech mat der Fussballweltmeeschterschaft aus?

[onionbuzz quiz-id=85][/onionbuzz]

Vereedegung vun engem Beruffsoffizéier (27.07.2020)
Business Neiegkeeten

Vereedegung vun engem Beruffsoffizéier (27.07.2020)

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch e Beruffsoffizéier aus der

KPL: Zesumme mat echter Solidaritéit fir sozial Gerechtegkeet
Business Neiegkeeten

KPL: Zesumme mat echter Solidaritéit fir sozial Gerechtegkeet

D’KPL stell fest, datt de grousse Wieder vu Solidaritéit, déi

Luxembourg School of Business besicht Dubai

Eng Geleeënheet déi ee sech net duerch d‘Lappe konnt loossen

Luxembourg School of Business besicht Dubai

Wéi mécht ee Geschäfter an engem Land andeem d‘Traditiounen, d‘Sitten an d‘Sprooch fir en Auslänner riseg Barrière sinn? Dës Fro war dat zentraalt Thema vun engen 20 Studente vun der Sektioun „Master of Business Administration“ (MBA) vun der Luxembourg School of Business (LSB), déi eng ganz Woch zu Dubai waren.

Wärend dëser Studiërees, hunn d‘Studenten europäesch Cheffe vun Entreprise begéint déi an der Vereenten Arabeschen Emirater (UAE) Fouss gefaasst hunn. Si hunn sech och mat Vertrieder vun der Handelskummer vun Dubai a politeschen Acteure vum Land getraff. Den Direkter vum Büro fir Handel an Investitioune vu Lëtzebuerg (LTIO) zu Abu Dhabi, Loïc Bertoli an d‘Ambassadrice vu Lëtzebuerg an de Vereenten Arabeschen Emirater, Elisabeth Cardoso, hu sech och de Studenten ugeholl.

„Mir wëllen déi nächst Generatioun vun Araber inspiréieren“, esou de Scheich Fahim bin Sultan al-Quasimi, Chef vum Departement fir staatlech Relatiounen zu Sharjah. Hien huet de Studenten en Iwwerbléck zur geopolitescher Situatioun vu sengem Land ginn, an ass op d‘Erausfuerderungen agaangen, deenen sech déi Vereenten Arabesch Emirater ze stellen hunn.

De Scheich ass verantwortlech fir de Beräich Digitaliséierung an mengt dozou: „Mir sinn ee Land mat wéineg bis guer keng Steieren. Trotzdeem muss d‘Regierung d‘Sécherheet vu senge Bierger assuréieren an eis Ressource sinn net onendlech. Mir mussen also d‘Käschten drécken. Mat der Digitaliséierung kënne mir vill Déngschter an Déngschtleeschtunge méi effikass a gläichzäiteg méi bëlleg maachen“.

Déi Vereenten Arabesch Emirater hu grad wéi Singapur – déi lescht Studiërees vum LSB hat an dësem klenge südostasiatesche Land stattfonnt – en extrem stabille politesche System, firwat een hei laangfristeg Strategien ugeoe kann. „Alles ass op d‘mannst 25 Joer am Viraus geplangt. Mir hunn een Zukunftsministère a grad wéi Lëtzebuerg si mir um Notze vun de Weltraumressourcen (Spacemining) interesséiert. (…) Mir wëllen de Beweis erbréngen dat de moderaten Islam, an engem tolerante Land, alles erreeche kann. Mir wëllen ee Quell vun der Inspiratioun fir déi nächst Generatioune vun Araber sinn. Net nëmme fir déi Vereenten Arabesch Emirater, mee fir déi ganz arabesch Welt“, betount de Scheich.

Lëtzebuerg ënnerhält säit zéng Joer eng Ambassade an de Vereenten Arabesch Emirater, an de Sëtz ass Abu Dhabi. D‘Ambassadrice Elisabeth Cardoso, begleet vun Generol-Kommissär Adjoint vu Lëtzebuerg bei der Weltaustellung zu Dubai, Loïc Bertoli, haten d‘Éier der Delegatioun vun der Luxembourg School of Business en kuerz Besuch ofzestatten. Sinn hunn de Studenten hir Aarbecht virgestallt an hunn sech als Zäitzeie fir déi gesellschaftlech Entwécklung vun de leschte Joren zu Dubai presentéiert.

„Dëst Joer ass ee wichtegt, mat der Weltausstellung zu Dubai. Mir sinn Zouversiichtlech, datt si 2021 stattfanne wäert“, esou d‘Ambassadrice Elisabeth Cardoso. D‘LSB huet dann och schon Rendez-vous geholl, a wäert sech zum Joresenn op Dubai beginn, fir d‘Weltausstellung a ganz besonnesch de Lëtzebuerger Pavillon besichen ze goen.

D‘Rees op Dubai war méiglech gemaach ginn, duerch d‘Engagement vun der Luxair, erkläert de „Managing Director“ Marin Njavro. „D‘Luxair ënnerhält jo neierdéngs eng direkt Verbindung, an esou war et méiglech och sécherzestellen, datt all sanitär Reegelen agehale ginn. Ouni eng direkt Verbindung, wier dës Rees wuel net ze organiséier gewiescht“.

D‘Studente vum LSB hunn sech mam Hervé Marchet, engem „Multi-Entrepreneur“ getraff. Si hunn de „Freeport“ an d‘Sharjah Publishing City besicht. An hirer Fräizäit gouf et eng Safari duerch d‘Wüst an eng Visite vum gréisste Wollekekrazert Burj Khalifa.

Matgedeelt vun der Luxembourg School of Business, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Service Regie

Foto: De Grupp vu Studente vun der LSB mam Scheich Fahim bin Sultan al-Quasimi. © LSB

Related topics Handel, Kommerz, LSB, Luxembourg School of Business, UAE, Vereenten Arabesch Emirater
Next post Previous post