Search

You may also like

ArcelorMittal: Gréng Luucht vun der EU-Kommissioun fir d‘Iwwergab vum Standuert Diddeleng
Neiegkeeten

ArcelorMittal: Gréng Luucht vun der EU-Kommissioun fir d‘Iwwergab vum Standuert Diddeleng

De 17. Mäerz 2019 huet d‘EU-Komissioun dem Verkaf vun de

Käerjenger Chrëschtmaart 2020 ofgesot
Neiegkeeten

Käerjenger Chrëschtmaart 2020 ofgesot

De Schäfferot vun der Käerjenger Gemeng huet a senger Sëtzung

Dat schéint Postgebai gehéiert eis all!
Neiegkeeten

Dat schéint Postgebai gehéiert eis all!

An enger Zäit, an där eis Haaptstad zouhuelend zu engem

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?

Nei Mineralaart zu Lëtzebuerg entdeckt a mëttlerweil international unerkannt.

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?

Wat den éischten Abléck wéi no enger Krankheet kléngt, ass a Wierklechkeet déi Entdeckung an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Mineralogie (sou nennt een d’Wëssenschaft vun de Mineralien). Mëttlerweil ass “Luxembourgite” offiziell vun der IMA (International Mineralogical Association) unerkannt ginn.

Well et sech ëm dat éischt Mineral handelt, wat zu Lëtzebuerg entdeckt ginn ass, huet déi international Fuerscherequipe ëm de Simon Philippo vum Naturmusée (MNHN) sech fir den Numm “Luxembourgite” entscheet. Si kënne sech bei der SEO bedanken, déi per Zoufall bei hirer Aarbecht op dëst seelent Stéck Buedem getraff ass. Ufangs Abrëll ass een zu Stolzebuerg an der Géigend vun der aler Kofferminn op dës Mineralaart gestouss.

Wat dës Decouverte dann esou speziell mécht, läit wuel dorunner, datt et an der Mineralogie net allze oft virkënnt, eng nei Entdeckung ze maachen. Wann d’Zoologe wäit iwwer eng Millioun Aarten – dorënner onmoosseg vill Insektenzorten – zielen oder beispillsweis d’Botaniker bis elo 410.000 Planzenaarten ze bestaunen hunn, esou behält et sech beim Gestengs e bësse méi dezent mat ronn 5.400 entdeckten Zorten.

Luxembourgite

© mnhn

AgCuPbBi4Se8 – Oder einfach nëmme Luxembourgite

Nodeems déi angeblech nei Zort entdeckt ginn ass, huet fir d’éischt mol misste genau iwwerpréift ginn, op wat een dann do gestouss ass. Déi international Wëssenschafts-Vereenegung IMA huet sech dëser Saach ugeholl an am Endeffekt dann och confirméiert, datt et sech tatsächlech ëm eng nei Entdeckung handelt.

AgCuPbBi4Se8 – esou déi chemesch Formel vum Luxembourgite. D’Mineral besteet also aus Sëlwer, Koffer, Bläi, Bismut a Selen an ass nëmmen ënnert dem Mikroskop ze erkennen (mat enger Gréisst vun 0,2 Millimeter). Op de mikroskopeschen Opnamen erkennt een déi gro Metallfaseren immens gutt.

Momentan sëtzt dann och e Fuerscherteam drun, e wëssenschaftlechen Artikel iwwer Luxembourgite ze verfaassen. Dorënner befanne sech de Simon Philippo (Naturmusée), de Frédéric Hatert (Professer op der Universitéit Léck), souwéi de Pietro Vingola (Fuerscher op der Universitéit Mailand).

Den Holotyp vun dësem neie Fundstéck befënnt sech zurzäit an der Sammlung vum Naturmusée am Gronn.

Luxembourgite

© mnhn

Opmaacherfoto: © mnhn

Related topics Luxembourgite, Mineral, Naturmusée, Simon Philippo
Next post Previous post