Search

You may also like

Nordkorea schéisst nees Rakéiten duerch d‘Géigend
Neiegkeeten

Nordkorea schéisst nees Rakéiten duerch d‘Géigend

Et ass de nordkoreaneschen Etat-Major deen d‘Noriicht ausginn huet. Heiranner

Wéi gutt kenns du Esch?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Esch?

[onionbuzz quiz-id=38][/onionbuzz] Esch ass eis zweet gréisste Stad a stoung

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!
Neiegkeeten

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!

De groussherzoglechen Haff freet sech iwwert de 35. Gebuertsdag vu

LUXEOSys: De Minister Bausch hält um Satellit fest

LUXEOSys: De Minister Bausch hält um Satellit fest

De Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch steet hannert dem Projet vum Observatiounssatellit LUXEOSys. Mat den Opnamen, déi dëse Raumfluchkierper liwwere kann, sollen nämlech d’Demokratie an d’Mënscherechter verdeedegt ginn. D’Kritik un der immenser Erhéijung vum Budget huet allerdéngs net ofgeholl.

Déi ursprénglech 170 Milliounen Euro hunn d’Uschafung an de Lancement vun der Kamera an héijer Opléisung abegraff. Mat agerechent war och d’Konstruktioun vun den noutwennegen Antennen, fir d’Biller vum Satellit op d’Äerd ze bréngen, de Bau vun enger Buedemkontrollstatioun an d’Gestioun vum System iwwer 10 Joer.

Datt do eng komplett Maintenance dobäi kënnt, hat een awer iergendwéi vergiess, an esou huet um 27. Mäerz 2020 en zweete Gesetzesprojet missen deposéiert ginn. Weider 180 Milliounen Euro goufe bäigeluecht, sou datt den ëffentleche Projet och sécher institutionell Partner, wéi d’NATO oder d’UNO hiren Notzen zéie kënnen. Gëschter goufen elo déi lescht Schlussfolgerunge gezunn an de Budget der Kommissioun presentéiert.

Satellit

© Aussen- an Europaministère

Mir brauche Biller!

LUXEOSys ass en Observatiounssystem per Satellit vun der Regierung, deen den Ufuerderunge vun nationalen (Regierung, LIST,…) an internationalen Organisatiounen (NATO, UNO, EU,…) entsprécht. Wärend de Satellit op enger Héicht vu 450 km ëm 15 Mol pro Dag d’Äerd ëmrennt, ass et d’Zil am Zäitraum vu 24 Stonnen bis zu 100 Biller an héijer Opléisung (2,5 Gb) vun eisem Planéit ze maachen.

En Tour ronderëm de bloe Planéit soll dobäi 94 Minutten daueren. Tëscht der Demande an dem tatsächleche Bild verginn awer op mannst 17 Stonnen. Notze well een dës Opname beispillsweis bei militäreschen Operatiounen, d’Observatioun vun Deplacementer vun den Truppen a Konfliktzonen, d’Iwwerwaachung vu kriteschen Installatiounen oder och fir méi Detailer am Fall vun enger Naturkatastroph gewuer ze ginn.

Et gëtt ervir gehuewen, datt och wann d’Biller eng héich Opléisung hunn an een och immens no erukommen kann, d’Erkennung vun eenzele Persounen net méiglech ass. Eleng de Schiet soll als donkele Punkt erkennbar sinn.

Satellit

© Aussen- an Europaministère

De Minister Bausch huet ënnerstrach, datt de Projet mat de Wäerter vu Lëtzebuerg iwwertenee stëmmt: „Den Erhalt vun der Demokratie an de Mënscherechter sinn déi essentiell Missioune vun der Verdeedegung. De Satellit gliddert sech perfekt an dës Logik an. Wa mir decidéieren de Projet ze stoppen, da verléiere mir d’Zomm vun 145 Milliounen Euro.“

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) François Mousel, PwC;François Bausch, Vize-Premier a Verdeedegungsminister© Direktioun vun der Verdeedegung

Related topics Biller, Budget, Erhéijung, François Bausch, François Mousel, LUXEOSys, Militärsatellit, NATO, Opnamen, UNO, Verdeedegung
Next post Previous post