Search

You may also like

10 Joer BEE Secure – dat gëtt (virtuell) gefeiert!
Kultur Neiegkeeten

10 Joer BEE Secure – dat gëtt (virtuell) gefeiert!

Zënter 10 Joer setzt BEE Secure sech fir de responsabelen,

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro
Kultur Neiegkeeten

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro

Den Austrëtt aus der EU vu Groussbritannien, deen sech als

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall

Aus roude Steng ass se gebaut, mat Begeeschterung gëtt et

LuxFilmFest 2020 – Ee Festival fir d’Aen!

LuxFilmFest 2020 – Ee Festival fir d’Aen!

Vum 5. bis de 15. Mäerz 2020 fënnt de Luxembourg City Film Festival statt. Fir déi 10. Editioun weisen national an international Filmemaacher nees, wat si drop hunn a loossen esou mat Sécherheet pur Faszinatioun beim Publikum opliewen. Ënnert dem Virsëtz vun der franséisch-iranescher Regisseurin Marjane Satrapi wäert sech de LuxFilmFest 2020 tëscht Evolutioun a Revolutioun beweegen.

Um Erfolleg vum leschte Joer wëll een natierlech uknäppen: Mat 29.100 Participanten, 208 Seancen an 327 internationale professionellen Invitéeën huet net nëmme bei den Organisateuren d’Häerz Freedespréng gemaach. Ma, och dëst Joer huet een divers Héichpunkte virgesinn, ugefaange bei der offizieller Erëffnung, wou Promising Young Woman vum Emerald Fennell (USA) projezéiert gëtt.

LuxFilmFest 2020

True History Of The Kelly Gang © Ben King

Den Owend vun der offizieller Präisiwwerreechung stécht eraus duerch de Film Yalda, La Nuit Du Pardon, eng Lëtzebuerger Coproduktioun vum Massoud Bakhshi, deen un dësem Dag natierlech present wäert sinn. Fir ofzeschléissen huet ee sech dem Justin Kurzel säi Wierk True History Of The Kelly Gang erausgesicht, wou d’Liewe vum Punk Ned Kelly op eng spannend Aart a Weis duergestallt gëtt.

Bei iwwer 140 Filmer, net ze vergiessen dem VR Pavilion am neimënster, wéi och zuelräiche Workshops, Ausstellungen, Partyen an aneren Aktioune lount et sech natierlech direkt ee Bléck op de Programm vum LuxFilmFest 2020 ze geheien. Op der Internetsäit ass et engem méiglech seng Favoritten ze markéieren, un déi noutwenneg Informatiounen ze kommen a säin Ticket ze kafen.

Opmaacherbild: © Claudine Doury, VU’ & Studio Michel Welfringer

Related topics Filmer, Kino, Luxembourg City Film Festival, LuxFilmFest2020, Marjane Satrapi, neimënster, Regisseur, True History Of The Kelly Gang, VR Pavilion, Yalda
Next post Previous post