Search

You may also like

money
SHELL muss entschiedegen
Neiegkeeten

SHELL muss entschiedegen

Véier Baueren aus Nigeria, ënnerstëtzt vun der hollännescher Ëmweltorganisatioun Milieudefensie

Wann d‘Wirtschaftsminister d‘Vollek bedréien
Neiegkeeten

Wann d‘Wirtschaftsminister d‘Vollek bedréien

Fir den Etienne Schneider, den sech eng gutt Plaz an

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!
Neiegkeeten

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!

Am Joer 2018 ass den neien nationalen Aktiounsplang zum HI-Virus

Wärend d‘Salariéeë vun de Luxguard ëm hir Aarbechtsplaze kämpfen…

...léist sech den Honorarkonsul a Guardian-Direkter fir Investitiounen an Ungarn feieren

Wärend d‘Salariéeë vun de Luxguard ëm hir Aarbechtsplaze kämpfen…

Am Zesummenhang mat der Entscheedung vum US-Konzern Guardian-Industries de Glasuewe stëll ze leeën, esou wéi d‘Aktivitéite vun der Luxguard I (Käerjeng) an der Luxguard II (Diddeleng) ze restrukturéieren, huet d‘Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek iwwert déi lescht Wochen nogewisen, datt, datt d‘Glasproduktioun zu Lëtzebuerg keen Affer vun der Coronaviruskris ass, esou wéi dat vun interesséierter Säit duergestallt gëtt.

D‘Verweigerung vum Konzern, zu Diddeleng an en neie Glasuewen ze investéieren a konkret Aussoen zur Produktioun zu Käerjeng onendlech eraus ze verzögeren, geet villméi dorobber zréck, datt scho viru Joeren entscheet gouf, do ze investéieren, wou d‘Léin niddreg an d‘Profiterwaardung héich ass. Dozou zielen d‘Produktiounsstanduerter vu Guardian a Groussbritannien, Polen an och an Ungarn.

LuxguardMëtt Juli, wéi de Glasuewen zu Diddeleng grad erofgefuer ginn ass, hat d‘Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek opgedeckt, datt der Lëtzebuerger Ambassadeur a Polen, Conrad Bruch, den 2. Oktober 2018 net nëmme beim 1. Spuedestéch fir en neit Guardian-Wierk zu Czestochowa uwiesend war, mee d‘Amerikaner och nach zu dëser Investitioun begléckwënscht huet – dat zu engem Zäitpunkt, wou déi dréngend noutwenneg Investitioun an ee neie Glasuewen zu Diddeleng ausbliwwen ass.

Fir d‘Mataarbechter vun der Guardian zu Lëtzebuerg muss et als Affront empfonnt ginn, datt hinne bis ewell all Informatioun zur Zukunft vun hiren Aarbechtsplaze verweigert gëtt, wärend den Ambassadeur vun Ungarn, fir d‘Belsch a Lëtzebuerg, Tamas Ivan Kovacs, virum Hannergrond vun engem Lëtzebuerger Fändel, zesumme mam Honorarkonsul vun Ungarn zu Lëtzebuerg, an Direkter fir ëffentlech Ugeleeënheete vu Guardian-Industries, Jean Ries, sech iwwer déi bilateral Bezéiungen tëscht Ungarn a Lëtzebuerg ënnerhalen an iwwerschwenglech fir 40 Milliounen Euro Investitioune vu Guardian zu Oroshaza bedankt huet… Et war dat um 23. Juli.

LuxguardAn der Chamber war de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) och zur „Saach“ interpelléiert, well schliisslech war d‘Staatssekretärin Francine Closener (LSAP) 2018 an den USA, fir iwwert déi fir Lëtzebuerg geplangten Investitiounen ze beroden. Sengerzäit gouf et dozou nëmmen Zouversiicht, an den neie Wirtschaftsminister huet gemengt, datt d‘Investitioun an de Standuert Polen, fir Lëtzebuerg net vu Bedeitung wier.

Mam Ali Ruckert, Chefredakter, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Czestochowa, Guardian Europe, Luxguard, OGBL, Oroshaza, Sozialkonflikt
Next post Previous post