Search

You may also like

Flex Carsharing: mat neier Tarifstruktur zu méi Benotzerfrëndlechkeet
Neiegkeeten

Flex Carsharing: mat neier Tarifstruktur zu méi Benotzerfrëndlechkeet

Lëtzebuerg, den 22. Mee 2019. “Flex – Carsharing by CFL

Et kléngt nëmmen no Widderstand
Neiegkeeten

Et kléngt nëmmen no Widderstand

Mam Gesetzprojet 7738 an den doranner enthalenen „Verschäerfunge“ wéi vum

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!
Neiegkeeten

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!

Am Kader vun den Ëmbauaarbechten am Rond-Point Irgäertche wäert d’Brëtelle

Luxguard II: Den Aarbechtserhalungsplang gouf ënnerschriwwen

Luxguard II: Den Aarbechtserhalungsplang gouf ënnerschriwwen

Um 31. August hunn d’Personaldelegatioun an de Syndikat OGBL, zesumme mat der Direktioun vun der Entreprise Guardian Luxguard II een Aarbechtserhalungsplang (PME) ënnerschriwwen. Gëlteg ass dëse Plan de Maintien dans l’emploi iwwert 24 Méint.

No ville Woche vun de Verhandlungen a mam Drock vum OGBL hunn d’Sozialpartner elo dës Decisioun getraff, déi Aarbechtsplazen erhalen an en desastréise Sozialplang verhënnere soll. De gewënschte Sozialplang vun der Luxguard-Direktioun vum 2. September 2020 gouf verréckelt.

Op folgend Moossname konnt ee sech eenegen:

  • Recours op d’Prepensioun
  • Reklassement ënnerhalb vum Grupp
  • Temporäert Bereetstelle vu Personal
  • Recours op Kuerzaarbecht
  • Amenagement vun der Aarbechtszäit
  • Intern an/oder extern Formatiounen
  • Outplacement a psychologesch Assistenz
  • Méiglechkeeten zur fräiwëlleger Kënnegung
  • Hëllef bei der Sich no neier Aarbecht

Fir d’Ëmsetzung vum PME ze garantéiere gouf e Grupp gebilt, dee sech ëm de Suivi vun de Mesure këmmert.

Fir den OGBL ass et evident, datt dëse PME déi eenzeg gutt Léisung ass. Aus dësem Grond huet d’Gewerkschaft vun Ufank un gefuerdert, datt all legal Mëttel genotzt ginn, fir e Sozialplang ze verhënneren.

An den nächste Méint wäert den OGBL den Aarbechtserhalungsplang begleeden, fir all Verloscht vun Aarbechtsplazen ze vermeiden. Heivir wäert een aktiv un den Diskussioune vun der Entreprise deelhuelen an opmierksam bleiwen, fir d’Interesse vun alle Salariée vu Guardian Luxguard ze verdeedegen.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Aarbechtserhalungsplang, Formatioun, Guardian, Kënnegung, Kuerzaarbecht, Luxguard II, OGBL, PME, Prepensioun, Sozialplang
Next post Previous post