Search

You may also like

Covid-19-Gesetzer: Op wat muss een elo oppassen?
Neiegkeeten

Covid-19-Gesetzer: Op wat muss een elo oppassen?

Mat den zwee Covid-19-Gesetzer (7606 a 7607) huet een de juristesche

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser
Neiegkeeten

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser

Vum 10. bis den 12. Oktober ginn a ganz Europa

Zum Dout vum Eugène Berger: „eng bedenklech Trauer“ (kommentéiert)
Neiegkeeten

Zum Dout vum Eugène Berger: „eng bedenklech Trauer“ (kommentéiert)

Ee Freideg ass um Krautmaart dem Fraktiounschef vun der Demokratescher

Zu Diddeleng ass den Uewen aus!

Zu Diddeleng ass den Uewen aus!

Rosen an vun der Direktioun batter enttäuscht, hu Salariéeë vun der Luxguard II zesumme mat Kolleegen aus anere Secteuren a Betriber, ënnerstëtzt vum Diddelenger Buergermeeschter, Dan Biancalana (LSAP), Vertrieder vun déi lénk an der KPL gëschter en éischte Protestpiquet virum Produktiounsstanduert an der Industriezon Wolser organiséiert.

Datt de Glas-Uewen zu Diddeleng säi Liewensenn erreecht huet a wuel oder iwwel souwisou hätt missen ausgemaach ginn, dierf net iwwert déi tatsächlech Hannergrënn ewechtäuschen, déi zu dësem Schratt am Grupp „Guardian Europe“ gefouert hunn. Dës US-Entreprise, déi zanter den 80er Joer zu Lëtzebuerg doheem ass, hat nach 2018 Regierungsvertrieder Investitiounen an d‘Zukunft versprach. Zäitgläich ass sech awer och a Polen no engem „gréissere Standuert“ ëmgekuckt ginn.

Um 17. Juni da koum d‘Annonce, datt wéinst Fluktuatiounen um Weltmaart an der Covid19-Kris zur Fusioun vun de Standuerter Diddeleng a Käerjeng komme muss. Zudeem hätt d‘Mammenhaus decidéiert all d‘Investitiounen zu Lëtzebuerg op Äis ze leeën. Wat esou eppes heescht, muss een eigentlech net méi weider erklären. Esou eng Ausso huet generell zu Folleg, datt een kee Geld méi wëll an de Grapp huelen. Verständlech, wa gewosst ass, datt a Polen méi bëlleg produzéiert ka ginn.

Luxguard

Déi ronn 430 Mataarbechter vun der Luxguard sinn net nëmme Spezialisten, déi iwwer dräi Joerzéngten all d‘Objektiver vum Konzern agehalen hunn, si hunn eng Passioun an kréien als Merci fir d‘Engagement an d‘Loyalitéit elo erkläert, datt ee si eigentlech net länger benéidegt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Virun enger Woch hat den OGBL mat de Presidente vun de respektive Personaldelegatiounen, zu dësem Thema eng grouss Pressekonferenz gehalen, an där den Alain Rolling (Generalsekretär- Adjoint vum OGBL) op d‘Verhandlunge mat den Direktiounen, d‘Aussoe vum Finanzminister Franz Fayot (LSAP) an der Chamber an déi genannte Grënn déi zur Fusioun an dem méiglechen „Aus“ fir d‘Standuerter zu Lëtzebuerg agaange war. Gëschter da gouf et déi éischt „Aktioun“

Halt op d‘Leit fir domm ze halen!

Virun der Paart vun der Luxguard II zu Diddeleng hunn déi zwou Personaldelegatioune mam OGBL en éischte Protestpiquet ofgehalen, fir hire Fuerderungen nach emol eppes Visibilitéit ze ginn. Esou gouf et um 13 Auer ee Mier u Gewerkschaftsfändelen an et war erfrëschend ze gesinn, datt net eleng déi betraffe Salariéeën sech hei opgestallt haten, mee och vill Solidaritéit vun den OGBL-Memberen aus anere Secteuren hei matgespillt huet. Och politesch gouf d‘Aktioun begleet.

Et huet een dann och kaum „laang“ Gesiichter gesinn, mee d‘Roserei war ze spieren. Esou sot den Alain Rolling aleedend: „Mir huelen haut un engem traurege Spektakel deel: d‘Ofkille vum Uewen huet ugefaangen! (…) Mir wësse vun der Absicht den Uewen aus ze maachen an d‘Investitiounen zu Diddeleng a Käerjeng op Äis ze leeën, an awer si mir no zwou Entrevue mat den Direktiounen nach ëmmer am Ongewëssen. Wat gëtt aus de Mataarbechter vun de Standuerter?“.

Luxguard

Esouguer d‘Kolleege vun der OGBL-Sektioun Diddenuewen-Metz hunn et sech net huele gelooss, de Personaldelegatioune vun der Luxguard op dësem trauregen Dag hir Solidaritéit ze weisen. Fir si ass Solidaritéit wichteg, firwat si och ee Message am Gepäck haten: „Kee weess wien deen nächsten ass, dofir sollten d‘Aarbechter ëmmer zesummestoen, wann an engem Betrib de Sozialdialog behënnert gëtt“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir den OGBL an d‘Personaldelegatiounen ass et net hinzehuelen, datt d‘Aarbechter keng kloer Informatioun zur Zukunft vun de genannte Standuerter gëtt, a et ass verständlech, datt sech den engagéierte Gewerkschaftler freet, op et do säitens Guardian Europe net vläicht eppes ze verheemleche géif. „Et gëtt héich Zäit datt d‘Kaarten op den Dësch kommen. De Beholl vun den Entscheedungsträger schued dem Sozialdialog an trëppelt de Lëtzebuerger Modell mat Féiss“.

Méi wéi en Job, et ass eng Passioun

Wat d‘Leit méi wéi alles anescht veriergert, jo regelrecht rose mécht, ass de Fait, datt op béide Produktiounsstanduerter d‘Mataarbechter net nëmmen déi vun der Direktioun gefuerdert Ziler erfëllt goufen, mee wäit méi geleescht gouf wéi verlaangt war. Si hunn op hiert Geschir uecht gedoen, kënnen op 30 Joer Erfarung verweisen, ware loyal an engagéiert. Mee dat alles zielt elo anscheinend net méi, an dëse „Merci“ beweist just, datt Guardian kee Respekt virun de Leit huet.

Mee et sinn net nëmmen d‘Presidente vun de Personaldelegatiounen an den Alain Rolling besuergt iwwert dat wat d‘Zukunft brénge wäert. Och dem Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana bereet dësen Dossier vill Kappzerbrieches. „Als Buergermeeschter sinn ech solidaresch, an als Deputéierten hunn ech an der Chamber der Regierung ee puer Froe gestallt. Ëmmerhi befanne mir eis hei an enger nationaler Industriezon, déi entstane war fir Aarbechtsplazen ze schafen“.

Luxguard

Fir de n Diddelenger Buergermeeschter, dee schonn de ganzen Zodi mat ArcelorMittal huet misse matmaachen, a wou och nach net wierklech gewosst ass, wéi et mam Walzwierk, dat elo vu „Liberty House“ iwwerholl gouf, weidergeet. Hie wëll sech net domadder offannen, datt hei méiglecherweis honnerten Aarbechtsplaze verluer ginn © Martine de Lagardère/moien.lu.

Dat ass wuel richteg. Dës Industriezon war entstanen, wéi am Beräich vun der Siderurgie d‘Bach agaangen ass. Och den Dan Biancalana huet d‘Gespréich mat Guardian Europe gesicht an krut eng Entrevue mam Direkter vun de Luxguard II accordéiert, deem awer aus Amerika net wierklech schéngt erlaabt ze ginn, Äntwerten ze liwweren. Esou krut och de Buergermeeschter, grad wéi den OGBL an d‘Personaldelegatioune keng Auskunft iwwert déi reell Absichte vum Konzern.

Foto: D‘Salariée vun der Luxguard sinn es midd fir domm verkaf ze ginn a verlaangen datt hir Direktiounen – déi jo am August sollen zesummegeluecht ginn – endlech Faarf bekennen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Dan Biancalana, Diddeleng, Guardian Europe, Luxguard II, OGBL, Personaldelegatioun
Next post Previous post