Search

You may also like

Zum Dout vum Eugène Berger: „eng bedenklech Trauer“ (kommentéiert)
Neiegkeeten

Zum Dout vum Eugène Berger: „eng bedenklech Trauer“ (kommentéiert)

Ee Freideg ass um Krautmaart dem Fraktiounschef vun der Demokratescher

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong
Neiegkeeten

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong

Datt Peking däitlech méi Entscheedungsgewalt zu Hong Kong wëll hunn,

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden
Neiegkeeten

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden

Am UN-Sécherheetsrot zu New York war gëschter dee vum Donald

Luxport S.A.: Den neie Kollektivvertrag bréngt Cadeaue mat sech!

Luxport S.A.: Den neie Kollektivvertrag bréngt Cadeaue mat sech!

Wéi den LCGB gëschter matgedeelt huet, ass bei Luxport S.A. een neie Kollektivvertrag ënnerschriwwe ginn. Duerch dës Aktioun kréien all Salariéen eng Summerprimm a weider Congésdeeg.

Als eenzege Syndikat, dee bei der Societéit Luxport S.A. zu Mäertert vertrueden ass, huet den LCGB den neie Kollektivvertrag vir eng Dauer vun annerhalwem Joer ënnerschriwwen. Dëse gëllt vum 1. Juli 2019 bis zum 31. Dezember 2020. Dobäi si folgend Verbesserungen opzezielen:

  • Eng Summerprimm, déi sech op bis zu 500 € belafe kann
  • Méi Congésdeeg

Den LCGB begréisst dëst positiivt Resultat, wat sech an déi kontinuéierlech Verbesserunge vun den Aarbechtskonditiounen bei den Entreprisen agliddert.

Related topics Congé, Kollektivvertrag, LCGB, Luxport S.A., Primm
Next post Previous post