Search

You may also like

dislikemoney
VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht
Neiegkeeten

VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht

Volkswon (VW) hat gelunn an esou honnertdausende Clienten iwwert de

Impeachment: Den US-President huet kee Bock op Unhéierungen
Neiegkeeten

Impeachment: Den US-President huet kee Bock op Unhéierungen

An engem Bréif un de Virsëtzende vum Justizausschoss vum Representantenhaus,

Doud vum Pol Cruchten – D’Filmwelt an Trauer
Neiegkeeten

Doud vum Pol Cruchten – D’Filmwelt an Trauer

Um Mëttwoch Mëtteg huet de Grand-Duché déi traureg Nouvelle kritt,

Luxtram-Chantier hält sech un den Termäin

Luxtram-Chantier hält sech un den Termäin

Datt de Projet Luxtram net nëmmen d‘Gesiicht vun eiser Haaptstad géif grondleeënd veränneren, mee och déi oder aner Onannehmlechkeete mat sech bréngt, dat war gewosst, an awer huet et, dat gehéiert sech esou zu Lëtzebuerg déi obligat Schnëssstécker ginn.

An zu de ville Reklamatiounen, Awänn a soss den Ierger zum Ausdrock bréngenden Aussoe koum dunn och nach déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléisten Zwangspaus. Grond genuch sech Gedanken ze maachen, op dee vum Transport- an Infrastrukturminister François Bausch geplangten Termäin zur Fäerdegstellung vun den Aarbechten an der „Nei Avenue“ kéint agehale ginn.

Well et soss net wierklech vill Leit schéngt interesséiert ze hunn, huet de Parteikolleg, François Benoy (déi gréng) dem Minister d‘Fro gestallt, wéi et mat der Chantiersagenda ausgesäit. De Minister huet um Méindeg op déi parlamentaresch Fro geäntwert, an esou ass dann elo gewosst, datt de Chantier trotz Covid19 am Plang läit, an den Tram am Dezember bis op d‘Gar fuere kann.

Datt ass allerdéngs just den Delai deen den Tronçon Kierchbierg – Gar betrëfft. Aner Aarbechten, an dat war esou och net anescht virgesinn, wäerten sech nach eppes hinzéien. Den Tronçon bis op de Findel (Fluchhafen) wäert net virun 2021 an Ugrëff geholl ginn. Ass jo och logesch. Et mécht een emol dat fäerdeg wat ugefaange gouf, an am meeschten Onrou gestëft huet.

Fir dës zweet Etapp vum Streckenausbau kënnt jo och nach zum droen, datt eng Bréck muss iwwert d‘Autobunnskräiz Kierchbierg muss gebaut ginn. Och dat elo net wierklech deen einfachste, fir net ze soe gemittlechsten Optrag. Déi drëtt Etapp betrëfft den Tronçon vun der Gar bis Autobunnskräiz Bouneweg. Dëse Chantier wäert am éischten Trimester 2022 kënnen opgeholl ginn.

Déi véiert Etapp betrëfft den Ausbau vun der Tramverbindung bis op Cloche d‘Or. Dat ass dann d‘Verlängerung vum Autobunnskräiz Bouneweg, an hei gëtt – zumindest den ament emol – nach ëmmer den Hiecht 2023 als Start vun den Aarbechten uginn. Weider Trassen si virgesinn: esou soll den Tram iergendwann bis op Leideleng fueren, an och d‘Areler Strooss wäert Schinne kréien…

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu (Archiv)

Related topics Chantier Luxtram, déi gréng stad Lëtzebuerg, François Bausch, François Benoy, Luxtram SA, parlamentaresch Fro
Next post Previous post