Search

You may also like

Motorsport: Dem Dylan Pereira seng offiziell Saison start dëse Weekend
Neiegkeeten

Motorsport: Dem Dylan Pereira seng offiziell Saison start dëse Weekend

Dëse Weekend, start dem Dylan Pereira seng offiziell Saison 2020,

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch
Neiegkeeten

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch

D’Julia Reda, Member vum Europäeschem Parlament, huet e Puer Fäll

Martin Luther King Day an der NBA
Neiegkeeten

Martin Luther King Day an der NBA

D’Joer 2020 kann ee wuel offiziell als “annus horribilis” bezeechnen,

Luxtram-Direktioun blockéiert weider d’Kollektivvertragsverhandlungen

Luxtram-Direktioun blockéiert weider d’Kollektivvertragsverhandlungen

Och déi lescht Verhandlungsronn a Saache Kollektivvertrag fir d’Employéë vum Luxtram hunn virgëschter no Aussoe vum FNCTTFEL-Landerverband an OGBL keen akzeptabelt Resultat bruecht.

Déi Beschäftegt fuerderen eng konsequent Upassung vun hire Loun- an Aarbechtsbedingungen un déi vum ëffentlechen Déngscht. Si hunn zesumme mat de Gewerkschaften decidéiert nationaalt Schlichtungsamt anzeschalten.

Direktioun vum Luxtram beharrt op hirer Positioun an ass nëmmen zu minimalen Zougeständnesser an de wichtege Sozialfroen bereet. Ee vun de Knackpunkte bei de Verhandlunge bléift d’Gesamtschichtdauer vun 13 Stonnen. Verbonne mat 11 Stonne Rouzäit.

Zesumme mat der Beleegschaft hunn déi zwou Verhandlungsgewerkschaften elo beschloss dat nationaalt Schlichtungsamt unzeruffen, fir d’Verantwortung ze iwwerhuelen. Et drot ee schwéiere Balanceakt.

Bis zum Schlichtersproch herrscht d’Friddensflicht. Den zoustännege Ressortminister oder ee vun him designéierte Stellvertrieder leet des Schlichtung normalerweis. Wann et zou kenger Eenegung kënnt drot ee Streik.

Lëtzebuerg leescht sech een Tram, den an allen Hisiichten entscheedend, mee dobäi gëtt vergiess, de Beschäftegten uerdentlech Bedingungen ze garantéieren. Gutt Sozial- an Aarbechtsbedingunge sinn enorm wichteg fir een héichwäertegen a séchere Betrib. Dowéinst sinn d’Virschléi vun der Direktioun vum Luxtram bis elo net ze akzeptéieren.

Déi aktuell Regierung stellt sech a Saachen Tram engem absoluten Aarmutszeugnis. Déi Lénk erkläre sech solidaresch mat der Beleegschaft vum Luxtram an ënnerstëtzen d’Fuerderungen no engem anstännege Salaire an uerdentlechen Aarbechtsbedingunge.

Related topics FNCTTFEL, Kollektivvertrag, LuxTram, OGBL
Next post Previous post