Search

You may also like

Album-Rezensioun: „If there is an escape“ vu Stelise
Money Neiegkeeten

Album-Rezensioun: „If there is an escape“ vu Stelise

D’Lëtzebuerger Band Stelise huet de 5. Oktober an der Kulturfabrik

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm
Money Neiegkeeten

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm

Am Kader vum 100 järege Gebuertsdag vun der Internationaler Astronomen

Et gëtt roueg um Himmel
Money Neiegkeeten

Et gëtt roueg um Himmel

Néng Milliarden Euro huet d‘Bundesregierung an de Grapp geholl fir

money

LuxTrust schwätzt elo och italienesch

LuxTrust schwätzt elo och italienesch

Säit e Mëttwoch ass et eng beschlosse Saach: den italienesche Grupp Tecnoinvestimenti, dee ganzer 12 Milliounen Euro an déi Lëtzebuerger Entreprise LuxTrust investéiert huet, ass elo Partner an Héicht vu 50%. Dat iwwert seng Filial InfoCert, eng Entreprise déi sech op „digital Léisungen“ spezialiséiert huet.

Heibäi geet et, wann een dem Pier Andrea Chevallard, PDG vun Tecnoinvestimenti vertraut, eenzeg an eleng dorëms, den europäesche Leader vun der „digitaler Identitéit“ ze ginn. Dëst Partenariat soll der US-Konkurrenz (ADOBE an DocuDesign) den Zougang zum EU-Maart verspären. Doriwwer eraus, soll d‘Zesummenaarbecht tëscht LuxTrust an InfoCert, fir weider Opportunitéite suergen.

Net fir d‘Éischt datt ee mat den Italiener ze dinn huet

Tecnoinvestimenti, gegrënnt 2009 vun den Handelskummere vun Turin a Mailand, ass sinn d‘Haaptinvestisseure vun dëser Entreprise, déi an 12 Länner aktiv ass. De Generaldirekter vun InfoCert, Danilo Cattaneo, huet nach preziséiert, datt si sech d‘Majoritéit an der spuenescher Entreprise Camerfirma geholl hunn. Et wier een awer net interesséiert LuxTrust ze „iwwerhuelen“.

De Pier Andrea Chevallard stellt dann och kloer, datt si d‘Plattform LuxTrust als Extensioun fir aner Mäert gesinn. Dës Zesummenaarbecht soll en neien Zougang zu weidere Mäert, hei besonnesch am Hibléck op Nordeuropa, erméiglechen. InfoCert ass scho gutt present a Süd- an Osteuropa. Zil ass et bannent dräi Joer, de Leader um europäesche Marché ze sinn.

LuxTrust behält de Numm

D‘Italiener hu Manéieren, an esou soll LuxTrust säin Numm och weiderhi bäibehalen. De Pascal Rogiest, Generaldirekter vu LuxTrust betount dann och séier, datt de berühmten „Token“ eis erhale bleift. Och d‘Datenzentre sollen zu Lëtzebuerg bleiwen, an dem Client gëtt d‘Kontinuitéit vun der Déngschtleeschtung versprach. Och d‘Entwécklung gëtt weidergedriwwen.

D‘Entwécklung an déi operationell Kompetenzen, grad wéi d‘Geschäftsentwécklung, gëtt hei an d‘Hänn vun de LuxTrust-Mataarbechter geluecht. D‘Allianz mat Tecnoinvestimenti/InfoCert soll et der Lëtzebuerger Entreprise erlaben, an d‘Fuerschung ze investéieren. Bei der LuxTrust geet een dann och dovunner aus, datt ee bis Enn 2018, en Geschäftsëmsaz vun 12 Milliounen Euro erziilt.

Den Etienne Schneider ka sech net bekloen

Fir de Vizepremier a Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP), ass dës Allianz eendeiteg eng „Win-Win“ Partnerschaft, an sollt et LuxTrust erméiglechen sech weiderzëentwéckelen. Dat esou gutt um geschäftleche Plang, wéi och an der Entwécklung vun de Kapassitéiten an dem Wësse vu senge Mataarbechter.

Zudeem versprécht sech de Minister dovunner, datt d‘Land als vertrauenswierdegen Zenter an Europa weideren Zousproch erhält. Dës Kollaboratioun, kann dann och derzou bäidroen, datt d‘Positioun vu Lëtzebuerg als „attraktive Standuert fir d‘Entwécklung an d‘Internationaliséierung vun ICT-Entreprisen an der digitaler Innovatioun“ gestäerkt gëtt.

Foto: De PDG vun Tecnoinvestimenti, Pier Andrea Chevallard (l) an de Wirtschaftsminister, Etienne Schneider, hunn de Pabeier zur „strategescher Zesummenaarbecht“ ënnerschriwwen. © sip/MECO

Related topics Digital Lëtzebuerg, Etienne Schneider, InfoCert, LuxTrust, Tecnoinvestimenti
Next post Previous post