Search

You may also like

Esch2022: De Christian Mosar verléisst d’Ekipp
International Neiegkeeten

Esch2022: De Christian Mosar verléisst d’Ekipp

De Christian Mosar gëtt seng Tâche als kënschtlerechen Direkter vun

Wanderen – Eng vun de Liiblingsbeschäftegunge vum Lëtzebuerger Resident!
International Neiegkeeten

Wanderen – Eng vun de Liiblingsbeschäftegunge vum Lëtzebuerger Resident!

Souwuel bei Touristen, wéi och bei de Lëtzebuerger Residenten ginn

Verbuede „Gay Pride“ zu Istanbul mat massivem Policeasaz verhënnert
International Neiegkeeten

Verbuede „Gay Pride“ zu Istanbul mat massivem Policeasaz verhënnert

Während d‘LGBT-Communautéit villeruerts op der Welt fir hir Rechter friddlech

Et gënnt ee sech jo soss näischt

Luxuriéis Owesiessen zu Paräis duerch Police-Razziae gestéiert… et koum zu Festnamen

Et gënnt ee sech jo soss näischt

An der Nuecht op ee Samschdeg war d‘Police zu Paräis am 19. Arrondissement ageschratt, fir am Restaurant „Aux Bons Amis“ (Bei de gudde Frënn) engem Fest mat 110 Gäscht de Stecker ze zéien. Zu Saint-Ouen (Seine-Saint-Denis) waren et nach 62 Frënn vun der gudder Kichen, déi d‘Police mat der Forschett am Mond protokolléiert huet.

Wärend d‘Invitéeë mat engem taxéierten Avertissement vun 135 Euro nach éischter gutt dovunner komm sinn, esou gesäit fir d‘Patrone vun den Etablissementer an den „Organisateur“ vun der Soirée eppes anescht aus. Esou dierf de Patron emol de Forfait vu 500 Euro op den Dësch a seng „Hëllef“ gëtt him gestrach. Am Fall vum „Aux Bons Amis“ goufen de Patron an den Organisateur festgeholl.

Owesiessen

Ee puer Stonne virdrun e vergläichbart Bild zu Saint-Ouen, wou d‘Police 62 Protokoller ausgestallt an den Organisateur och verhaft huet… Dat alles soll wuel als Äntwert op de sougenannte „Corona-Dinner“ Skandal ze bewäerte sinn. Dee gouf vum franséische Privatsender M6 ausgeléist, nodeems ee Bericht iwwer „Ënnergrond-Restauranten“ fir Schlagzeile gesuergt hat. Et ass jo nach Pandemie.

An der M6-Reportage war de Proprietär vum „Palais Vivienne“, Pierre-Jean Chalençon, zu Wuert komm. Hien hat als ee vun den „Organisateuren“ versicht anonym iwwert déi Festivitéiten, wou och déi politesch Elite vum Land uwiesend war, ze beriichten. Aktuell behaapt de Mann datt et sech bei allem ëm een Abrëllsgeck handelt. Dat sollt ze kläre sinn, de Procureur huet eng Enquête ageleet.

Owesiessen

Iwwert d‘Resultater vun der Befroung, vun engersäits dem Pierre-Jean Chalençon, an anersäits dem Promi-Kach Christophe Leroy, déi um Freideg stattfonnt hunn, ass aktuell nach näischt no bausse gedrongen. Eng Participatioun vu Politiker schéngt wuel erwisen, et soll awer laut dem Parquet, kee Minister genannt gi sinn. Dat heescht, datt sech beweise léisst, datt ee Minister deelgeholl huet.

Ob ee vun de Lëtzebuerger Regierungsmemberen, déi bekanntlech an der franséischer Haaptstad lukrativ Immobiliëgeschäfter ënnerhalen, och ageluede war oder esouguer deelgeholl ass zwar net gewosst, kann een awer och netz ausschléissen. D‘Police zu Paräis huet awer bestätegt, datt et sech bei de protokolléierte Gäscht net exklusiv ëm franséisch Residenten gehandelt huet. A suivre…

mat indymedia/par

Illustratioun: MagoOPiX

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Gastronomie, Lockdown, luxuriéis Owesiessen, Paräis
Next post Previous post