Search

You may also like

Si hunn de Cherif Chekatt erschoss!
Neiegkeeten

Si hunn de Cherif Chekatt erschoss!

Si hu laang no him gesicht, an se hunn e

money
Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld
Neiegkeeten

Negativzëns an d‘Ofschafe vum Boergeld

Am November wéi d‘ULC hire „Réckbléck“ gemaach huet, ass natierlech

money
Geld fir d‘Landwirtschaft
Neiegkeeten

Geld fir d‘Landwirtschaft

Fir d‘Secteure Landwirtschaft, Wäibau an Agrar-Alimentatioun soll no der Finanzhëllef

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!

Um Donneschdeg, de 7. November 2019 organiséiert d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI), an Zesummenaarbecht mam Velo Sport Center (VSC) an der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg (VDL), dem Verkéiersverbond, dem Roude Kräiz an dem Automobilclub (ACL) ee Beliichtungscheck fir Vëloen duerch. Kommt och Dir sécher un Äert Zil!

De Beliichtungscheck fënnt vu 17:00 bis 19:00 Auer beim Rondpoint Schuman statt. Fiert een hei laanscht, sollt een d’Geleeënheet notzen seng Luuchte vu Spezialiste kontrolléieren, an esou wäit et méiglech ass, dës och reparéieren ze loossen.

Zil vun der Sensibiliséierungsactioun ass et d’Cyclisten op d’Geforen opmierksam ze maachen, deenen si grad elo duerch déi méi kuerz Deeg an déi däischter Joreszäit ausgesat sinn. Eng inexistent oder net ausräichend Beliichtung ka fatal Folgen hunn. Virun allem iwwerschätzen d’Cyclisten dobäi d’Siichtbarkeet den Autoen an anere Participante vum Verkéier géigeniwwer.

Mat Hëllef vun enger einfacher Checklëscht kucke Fräiwëlleger vun der LVI Äre Vëlo an informéieren iwwert déi gesetzlech Reegelung zur korrekter Beliichtung nom Code de la Route. Sollte kleng Reparaturen ufalen, esou kann de Vëlo Sport Center mat sengem Atelier op der Plaz direkt handelen.

D’Stad Lëtzebuerg sponsort an dësem Kader d’Beliichtung vun der Aktioun, de Verkéiersbond stellt reflektéierend Accessoiren zur Verfügung. Och d’HIV-Berodung vum Lëtzebuerger Kräiz ass present a verdeelt, passend zur Sensibiliséierungscampagne „sécher ënnerwee“ Sécherheetsvesten.

Schonn am Joer 2012 huet d’LVI ee Beliichtungscheck am Rondpoint Schuman organiséiert. Den Erfolleg war eendeiteg: iwwer 500 Vëloe konnte kontrolléiert ginn.

Related topics ACL, Beliichtungscheck, Code de la Route, HIV-Berodung, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, Luuchten, LVI, Rondpoint Schuman, Rout Kräiz, Stad Lëtzebuerg, VDL, Velo Sport Center, Verkéiersverbond
Next post Previous post