Search

You may also like

The Silence – Wann onbekannten Déieren eng Apokalypse ausléisen
Neiegkeeten

The Silence – Wann onbekannten Déieren eng Apokalypse ausléisen

Horrorfans komme bei „The Silence“ op hir Käschten! Mat dësem

Rock‘n Roll zu Cape Canaveral
Neiegkeeten

Rock‘n Roll zu Cape Canaveral

E Samschdeg sinn zu Cape Canaveral (Florida) – mat eppes

Galerie: Stroossekënschtler an der Haaptstad, eng Momentopnam
Neiegkeeten

Galerie: Stroossekënschtler an der Haaptstad, eng Momentopnam

Mat net manner wéi 29 international Kënschtlerensembele fir 95 Optrëtter

Esch-Uelzecht: Feierlech Inauguratioun vum Lycée Hubert Clement

Esch-Uelzecht: Feierlech Inauguratioun vum Lycée Hubert Clement

Um Mëttwoch Nomëtteg war zu Esch-Uelzecht am Lycée Hubert Clement (LHCE) eng weider lass. De Grond: et konnt een endlech – nodeems d‘Schüler hir Raimlechkeete schonn am Januar zréckeruewert haten – déi renovéiert Institutioun och „offiziell“ inauguréieren. Heifir haten sech dann och direkt zwee Minister ugemellt.

An et dierf ee behaapten, datt sech den Direkter Jean Theis och iwwert d‘Komme vum Schoulminister Claude Meisch (DP) an Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) gefreet huet. Woubäi unzemierken ass, datt och de Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) sech mat villen anere Politiker dësen Evenement ugeschloss hat.

Clement

De Lycée Hubert Clement zu Esch-Uelzecht. Besser bekannt als de „Meedercherslycée“ an nach an de 50er Jore gebaut, war et Zäit fir en „Update“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et huet, wéi dat bei esou Feierlechkeeten ubruecht ass, vill Riede ginn an och e flotte Kaderprogramm ginn. Natierlech hunn d‘Aarbechten ze laang gedauert an et ass een elo frou datt (bal) alles fäerdeg ass. D‘Renovatioun war an zwou Phasen duerchgefouert ginn, an fir d‘Iwwergangszäit waren d‘Schüler op de Site an der Victor Hugo Strooss geplënnert ginn.

Clement

Net ëmmer kann e Bändche bei enger Inauguratioun duerchgeschnidde ginn. Mee de Schoulminister Claude Meisch (DP), den Direkter vum LHCE, Jean Theis (Mëtt vum Bild) an den Infrastrukturminister François Bausch sinn eens ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bei der éischter Phas ass d‘Gebai, mat Ausnam vum Wëssenschaftsfligel, aus de 50er renovéiert ginn. Den Turnsall gouf ofgerappt, an e neien administrative Fligel, eng Sportshal an en ënnerierdeschen si op dëser Plaz entstanen. An der zweeter Phas ass d‘Gebai aus de 70er ganz renovéiert ginn. Säit Januar sinn d‘Schüler nees do wou d‘Wëssen ass.

E Bléck an d‘Geschichtsbuch

De Lycée dréit de Numm vum Hubert Clement (12.09.1889 – 29.09.1953) dee Schoulmeeschter, Direkter vum Tageblatt a Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht war. Stad Esch huet den Terrain, dee gebraucht ginn ass fir de „Meedercherslycée“ ze bauen 1938 kaf. Mam Krich an der Besatzung duerch „d‘Preisen“ war de Projet dann awer „op Äis geluecht ginn“. 1952 ass da gebaut ginn.

Clement

Hell gestalte Gäng, fir all Stack eng Faarf, an awer si vill al Elementer erhale bliwwen. Den LHCE ass, esou d‘Schüler „e coole Lycée“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Eng éischter Ageweit, gouf de Lycée am Abrëll 1955. Den deemolege Buergermeeschter Antoine Krier hat bei de Feierlechkeeten de Wonsch ausgedréckt, datt mat dësem Lycée, d‘Familljen ermontert sollte sinn, hir Kanner och am Secondaire weider ze studéieren. No dëser Inauguratioun, hunn 312 Meedercher „hire“ Lycée iwwerholl.

De Succès huet séier dozou gefouert, datt de Lycée ze kleng ginn ass. D‘Pläng ware sengerzäit fir 200 Schülerinnen ausgeluecht ginn, woubäi déi 1961 schonn zu hirer 446 fir 16 Klasse waren. Vun 1963 bis 1965 war et „chaotesch“. An de Klassen hu sech d‘Studentinne bis ënnert de Plafong gestapelt, an och déi „spezialiséiert“ Säll (Bibliothéik, Musek- Mol a Bitzsall) si Klassesäll ginn.

Clement

Den „Open space“ am LHCE bestécht duerch de réie Bëtong. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir den deemolegen Direkter Albert Goedert en eenzegen Albdram, an hien huet dann och d‘Regierung interpelléiert do Remedur ze schafen. 1965 ginn dann och véier Klassen an zwee Pavillonen – déi am Haff opgeriicht gi sinn – ageriicht. Dat konnt awer nëmmen als „kuerzfristeg Léisung“ betruecht ginn an den Direkter huet en „Ubau“ gefuerdert.

1966 huet d‘Regierung mat der Arbed Terraine getosch, a mam Gesetz vum 27. Juni 1968 ass de Bau dann och geneemegt ginn. 1969 gëtt mat den Aarbechten ugefaangen, déi fir d‘Schouljoer 70/71 sollten ofgeschloss sinn. Deem war net ganz esou, an d‘Schüler mat de Proffen hunn sech misse mam Kaméidi vum lafende Chantier arrangéieren.

Clement

Alles ass bis ënnert den Dag nei gemaach ginn. Mir hunn en Eck fonnt, an deem u fréier Zäiten erënnert gëtt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Zu hirer iwwer 1.000 war et trotz Ausbau enk bliwwen, a bis 1992 huet de Lycée nach vill weider Raimlechkeete bäikritt. Mam Gesetz vum 10. Mee 1968 huet et dierfe gemëschte Klasse ginn, an déi éischt Bouwe sinn 1970 hei an de Lycée komm. Si waren zu hirer 30 an et dierf e betounen datt „dësen Ufank“ keen einfache war. Haut besteet Paritéit bei der Schülerpopulatioun.

No de Renovéierungsaarbechten, déi e wierklecht gutt Resultat bruecht hunn, verfüügt de Lycée Hubert Clement haut iwwert 39 Klassesäll, 15 Raim (Laboratoire, Atelieren an polyvalent Säll). D‘Administratioun, d‘Strukture fir den Accueil an de Sport dierfen hei net vergiess ginn. D‘Käschte fir de Projet belafen sech op 50,3 Milliounen Euro.

Foto: Nach ee leschte Ständchen an dann dierfen och d‘Gäscht en Tour duerch de renovéierte Lycée Hubert Clement maachen © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Claude Meisch, Esch-Uelzecht, François Bausch, Georges Mischo, Jean Theis, Lycée Hubert Clement, Meedercherslycée
Next post Previous post