Search

You may also like

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam
Neiegkeeten

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam

Wann ee sech drop kann eenegen, datt Parkplazen am beschten

Een Hommage un den Trickfilmer Gene Deitch
Neiegkeeten

Een Hommage un den Trickfilmer Gene Deitch

„Don’t conform. Do it your way“ – ee Motto, dat

Éischt Impfungen an de Fleegeheemer: „Ech hunn dëse Vaccin ongedëlleg erwaart“
Neiegkeeten

Éischt Impfungen an de Fleegeheemer: „Ech hunn dëse Vaccin ongedëlleg erwaart“

Gëschter kruten d’Residenten vum Haus St Jean de la Croix

Déi „däischter Säit“ vum Bildungswiesen

Déi „däischter Säit“ vum Bildungswiesen

Datt am Kontext vun der Covid19-Pandemie d‘Schoulen uechtert Land zolidd ënner Drock stinn, wat sech wuel och op Enseignanten an weidert Personal auswierkt ass onbestridden. Datt et leider nach ganz aner Suergen huet, déi eise Schoulsystem belaaschten, ass spéitstens zanter der „Affär“ aus dem Escher Meedercherslycée gewosst. Elo dann och ee Mëssel zu Dikrech…

An dësem neien Dossier, deen dem Regierungsbeoptraagte fir disziplinaresch Ugeleeënheeten um Educatiounsministère virläit an och d‘Justiz elo beméit, geet et ëm „onugemiess Noriichten“, déi e Prof (et géif sech hei net ëm ee Chargé/Léierbeoptraagten handelen) via en Noriichtendéngscht u seng Schüler weidergeleet huet. D‘Direktioun sol den 18. Mäerz entspriechend informéiert gi sinn.

Fir den Ament zitt et d‘Direktioun vum Klassesche Lycée zu Dikrech (LCD) vir dem Dialog mat de Medien aus de Féiss ze goen. Et ass wuel och richteg, datt ee sech als Direktioun net zu enger „Affaire en Cours“ äussert, dat wier net ubruecht. Och um Educatiounsministère gëtt heirobber zeréckgegraff, woubäi zumindest huet dierfe confirméiert ginn, datt de Mann suspendéiert ginn ass.

Illustratioun: Robby (cc by-sa 3.0)

Related topics Educatioun, Enseignement, Klassesche Lycée Dikrech, Mëssbrauch, Skandal
Next post Previous post