Search

You may also like

Esch ass spendabel wëll et Hëlleft!
Neiegkeeten

Esch ass spendabel wëll et Hëlleft!

Et geet dem Horesca-Secteur net gutt, an et ass kloer

Vëlosweeër zu Lëtzebuerg – Den neie Kaarteset ass do!
Neiegkeeten

Vëlosweeër zu Lëtzebuerg – Den neie Kaarteset ass do!

Mat Ënnerstëtzung vun der Katasterverwaltung huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) eng

„Reclaim the Streets“ – Endlech Vëlosstroossen!
Neiegkeeten

„Reclaim the Streets“ – Endlech Vëlosstroossen!

Déi douce Mobilitéit a ganz besonnesch den Asaz vum Drotiesel,

Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg

Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg

Den Dossier Lycéesreform huet fënnef Joer gebraucht fir endlech an der jëtzeger Form um Dësch ze leien. Et wier vill geschwat an deels och zolidd gestridde ginn, mee elo wieren sech all d‘Acteuren eens. Him war et wichteg dëst Gesetz mat deenen ze maachen, déi et zu gudder Läscht och mussen ëmsetzen. Gëschter huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) am Kooperatiounsministère d‘Lycéesreform fir d‘Press nach emol erläutert. Haut soll d‘Gesetz, dat eenegermoossen ëmstridden ass, an der Chamber ugeholl ginn.

Et wäert awer bei der Rentrée nach net alles ëmgesat kënne ginn, woubäi fir d‘Schouljoer 2018/19 och déi läscht oppe Punkten zum droe kommen. An de Claude Meisch stellt dann och déi u sech wichtegst Fro: „Wat muss eng Schoul kënnen?“ an Äntwert och selwer drop. D‘Schoul muss fir jiddereen do sinn, de Modell „Eenheetsschoul“ gëtt der Lëtzebuerger Gesellschaft an senger haideger Form net gerecht.

Dat erkläert dann – wuel nëmmen zum Deel – firwat et eng ronn 3.000 Schüler gëtt, déi hire Secondaire am Ausland absolvéieren. Et dierft awer d‘Ursaach sinn fir den Decrochage an den Echec scolaire. Virun allem verlaangen déi zwee lescht Punkten eng Léisung.

De Profil vum Schüler

Fir de Minister ass kloer, datt d‘Schoulen sech dem Profil vum Schüler unzepassen hunn an och de Besoine vun der haideger Gesellschaft musse Rechnung droen. Dat ass wuel eng ambitiéis Usicht, mee trëfft zumindest de Constat, datt d‘Schoul sollt esou villfälteg sinn wéi d‘Schüler.

Et geet dem Claude Meisch net dorëms, den Etablissementer ee Modell opzezwéngen. Et gëtt näischt diktéiert mee et gëtt encouragéiert an ënnerstëtzt fir dat ëmgesat ka gi wat gutt fir de Schüler ass. An deem Sënn steet d‘Lycéesreform dann och op dräi Pilieren.

D‘Offer sollt sech net just op den edukative Volet beschränken, mee och diversifizéiert periscolaire Aktivitéiten abegräifen.

Grondsätzlech sollen all d‘Schoulen am Land sech op dat besënne, wat d‘Schüler u Besoinen hunn an op dëser Basis eng kloer Offer virleeën. Domadder, esou de Minister, vervillfältegen sech d‘Chancë vun der Reussite fir d‘Schüler. D‘Offer sollt sech net just op den edukative Volet beschränken, mee och diversifizéiert periscolaire Aktivitéiten abegräifen.

Traditioun mat enger Variabel

Datt dat ganzt soll méiglech sinn ouni vun den traditionelle Sektiounen am Lycée ofzekommen, léisst sech duerch eng perséinlech Schoulprogrammgestaltung erreechen. Fir de Claude Meisch ass dat déi Variabel, déi fir de Schüler zum droe kënnt, wann deen sech fir eng Richtung entscheet huet. An u fir sech sinn et „flexibel“ Sektiounen.

Och d‘Virbereedung op d‘Examen, déi hei zu Lëtzebuerg am Géigesaz zu eisen Nopeschlänner eppes weider Komplex sinn, soll verbessert ginn. Dozou gehéiert och, datt d‘Unzuel vun de Fächer op sechs reduzéiert, woubäi net um Niveau vun der Exigenz gefréckelt gëtt. Den Exame géif deemno der Zilsetzung vum Schüler Rechnung droen.

Fir déi Schüler déi sech ee weidere Parcours op enger Héichschoul oder Universitéit virgeholl hunn, soll et dann och eng méi spezifesch Zertifizéierung ginn. Nieft dem Diplom, kritt de Schüler dann och een esou genannten „complément au diplôme de fin d‘études“. Heiranner gëtt festgehalen an zertifiéiert wéi eng weider Kenntnisser sech de Schüler am Kader vun den periscolairen Aktivitéite verënnerlecht huet.

Villsproochegkeet en Atout deen erhale bleift

De Minister betount, datt den aktuelle Schoulmodell net ofgeschaaft gëtt. Besonnesch a Punkto „Sproochen“ gëtt grousse Wäert drop geluecht, datt den héijen Niveau erhale bleift.

Wou et méiglech ass, misst a soll de Niveau erhale bleiwen.

Dat wier et dann och wat den Ënnerscheet zu de Propose vun der gréisster Oppositiounspartei géif ausmaachen. Wou et méiglech ass, misst a soll de Niveau erhale bleiwen. Nëmmen do wou et dem Schüler senge Besoine muss ugepasst ginn, soll et och am Respekt mam Choix vum Schüler, Alternative ginn.

An der digitaliséierter Welt ass et och wichteg, déi nei Kommunikatiounsmëttel geziilt an intelligent anzesetzen. Laut dem Claude Meisch wëllen eng 30 Schoule méi „i-Pad Klassen“. Dat ass ee wichtege Punkt, deen och sécherlech matgespillt huet fir ab dem Schouljoer 2017/18 eng nei Sektioun am „Klassik“anzeféieren. Informatik a Kommunikatioun als Sektioun entsprécht dann och den Ufuerderunge vun der haideger Zäit.

D‘Inclusioun ass elo endlech och am Secondaire ukomm

Ee weidere wichtege Sujet ass dee vun der Inclusioun. Chancëgläichheet bezitt sech eben net just op de sozialen oder ethneschen Hannergrond vun engem Schüler. Inclusiounbedeit och eng gréisser Opmierksamkeet, Begleedung an natierlech Strukturen déi de spezifesche Besoinen entspriechen.

Hei seet de Minister, datt et ganz kloer d‘Aufgab vun de Schoulkommissiounen ass sech dësem Volet unzehuelen. Do wou Moossnamen néideg sinn muss ee Plang ausgeschafft ginn, deen dem oder den Betraffenen all déi Méiglechkeete bitt seng Schoulcarrière selbstbestëmmt ze liewen.

D‘Schoul muss dann natierlech och eng sécher Plaz sinn. Wou et zou sozio-psychologesche Problemer kënnt, ass et wichteg datt de Schüler een Uspriechpartner huet an ee Suivi séchergestallt ass. Heibäi kënnen och déi ugeschwate périscolaire Aktivitéite Léisungsusätz bidden. An deem Sënn gëtt dann och ee Referenzkader fir all d‘Schoulen erstallt.

Dës Aktivitéiten, déi wuel individuell vun de Schoulen dierfen ausgeschafft ginn, sinn awer ee Muss. Hei ass et dann och net verkéiert vum Minister drop hinzeweisen, datt allze oft d‘Schüler ze fréi aus der Schoul um „Trottoir“ sinn. Dat do net ëmmer déi gescheitsten Iddien ëmgesat ginn brauch dann och net betount ze ginn.

Eng „mënschlech“ Schoul

De Claude Meisch plädéiert dann och fir eng besser Kommunikatioun tëscht den Acteure. Gemengt sinn hei D‘Schüler, d‘Elteren an d‘Enseignanten. Si mussen zu gudder Läscht zesummen dofir suergen, datt d‘Reform gräift a sech weiderentwéckelt. Eng Entwécklung déi als Garant gesi gëtt, fir all d‘Talenter vun de Schüler ze fërderen an hinnen esou eng Zukunft an eng Plaz an der Gesellschaft ze sécheren.

Mat allen ass geschwat ginn an den Austausch dee stattfonnt huet war deementspriechend positiv.

An et dierf ee sécherlech net traureg sinn, datt d‘Schoulgesetz vun 1968 endlech de Wee an d‘Archive fënnt. Mat der Lycéesreform gëtt d‘Schoul méi mënschlech an d‘Verantwortung vun der ugestriefter Reussite op méi Schëllere verdeelt. Dat d‘Gesetz ouni den Avis vum „Collège des Directeurs“ an der Chamber virgeluecht gëtt, ass verständlech. Mat allen ass geschwat ginn an den Austausch dee stattfonnt huet war deementspriechend positiv. En Avis war also keng Prämisse fir den Dossier virzeleeën.

Ofschléissend ass nach festzehalen, datt d‘Matsproocherecht vun den Elteren och séchergestallt wëll ginn. D‘Orientéierung vum Primaire an de Secondaire soll sech zukünfteg net méi just aus den Resultater aus den traditionelle Fächer erginn. Hei gëtt elo generell déi Gesamtleeschtung a betruecht geholl.

Related topics Claude Meisch, DP, Enseignement, Lyceesreform, Reform Enseignement Secondaire
Next post Previous post