Search

You may also like

Kinepolis erfënnt sech nei
International Neiegkeeten

Kinepolis erfënnt sech nei

„Video on Demand“ (VOD) ass iech ze langweileg, oder dir

Réckbléck: De Massaker vun den Herero an de Nama
International Neiegkeeten

Réckbléck: De Massaker vun den Herero an de Nama

De Massaker an Namibia, ab1904, vun zeg Dausenden Herero a

Skripal: Brite kënnen Hierkonft vum Nervegëft net bestëmmen
International Neiegkeeten

Skripal: Brite kënnen Hierkonft vum Nervegëft net bestëmmen

De britesche Laboratoire, deen déi genotzte Substanz analyséiert huet, déi

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon

Am Zentrum vu Lyon (Frankräich) ass am spéiden Nomëtteg bei engem Geschäft en artisanale Sprengsaz explodéiert. Beim Virfall sinn 13 Persoune blesséiert ginn. Laut den Autoritéite besteet fir keng Liewensgefor. De President Emmanuel Macron huet vun engem Attentat geschwat.

Laut der Police soll et sech beim Sprengsaz ëm eng sougenannt „Pak-Bomm“ gehandelt hunn. Wéi et heescht, wier de „Pak“ mat Schrauwen a Muddere gefëllt gewiescht, fir dee gréisst méigleche Schued ze maachen. De Sprengsaz war virun enger Bäckerei op engem Stroosseneck „ofgestallt“ ginn. Mat den Ermëttlunge sinn d‘Antiterror-Spezialiste vum Paräisser Procureur beoptraagt ginn.

Lyon

Vum Inneministère dann d‘Informatioun, datt wéinst dem Attentat, all d‘Präfekture vum Land an Alarmbereetschaft gesat goufen. Den Inneminister Christophe Castaner huet ugeuerdent, iwwerall d‘Sécherheetsmoossnamen ze verstäerke wou sech vill Leit ophalen. De Premierminister Edouard Philippe, huet wéinst dem Virfall seng Bedeelegung un enger Wahlkampfveranstaltung ofgesot.

D‘Sich no méiglechen Täter

Am Kontext vun der Enquête, sicht d‘Police no engem Verdächtegen, an huet eng passend Foto – dat vun enger Iwwerwaachungskamera staamt – verëffentlecht. Um Bild ass e Mann ze erkennen, deen en donkele Sonnebrëll unhuet, partiell d‘Gesiicht vermummt huet an e Geländetaugleche Vëlo dréckt. De Verdächtegen deen de Sprengsaz „ofgestallt“ huet wier 30 bis 35 Joer al.

Lyon

D‘Police huet d‘Bevëlkerung ëm Mataarbecht gebueden. Laut enger éischter Auswäertung vum Bildmaterial, wier de Mann ze gesinn, wéi hie kuerz virun der Explosioun de Pak virun der Bäckerei deponéiert a sech uschléissend mam Vëlo duerch d‘Bascht mécht. Wien de Mann sollt „entdecken“ soll net selwer agräife mee d‘Police ruffen, déi bezeechent de Mann als geféierlech.

Zanter dem Attentat op den Stroossbuerger Chrëschtmaart am Dezember, war et bei eisen Noperen nees eppes méi „roueg“ ginn. Dësen Uschlag awer beweist eis op erschreckend eng Manéier, datt zu all Ament eppes ka geschéien. Bedréckend fir d‘Bierger: déi meescht vun de gefaassten Täter waren oder sinn der Police bekannt. Do stellt sech d‘Fro: Firwat mécht een déi net virdrun onschiedlech?

mat indymedia/tls/par

Foto: Aacht Persounen si beim Uschlag an der Foussgängerzon zu Lyon blesséiert ginn. Zur Zäit gëtt nach nom Täter gesicht. © SDMIS (via twitter)

Related topics Attentat, Frankräich, Lyon, Sprengsaz, Terror
Next post Previous post