Search

You may also like

Kal a naass, d’Escher Kulturnuecht war awer Spaass
International Neiegkeeten

Kal a naass, d’Escher Kulturnuecht war awer Spaass

Dat haten sech d’Organisateure mat Sécherheet anescht geduecht, mee d’Wieder

Exzellent Lëtzebuerger Leeschtung op der Weltmeeschterschaft am Ballonsport!
International Neiegkeeten

Exzellent Lëtzebuerger Leeschtung op der Weltmeeschterschaft am Ballonsport!

Dëse Samschdeg ass déi 23st Weltmeeschterschaft vun den Waarmloft Ballonen

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer
International Neiegkeeten

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer

An dëser Rei goufe verschidde Gréissten vun der Science Fiction

Lyon: Brigangen erbeuten 9 Millioune bei Geldtransportiwwerfall

Béis Jongen hunn un Freidegmueren zu Lyon ee Geldtransport iwwerfall. Et ass kee Schoss gefall mee de Coup schéngt sech gelount ze hunn. D‘Brigangen si mat engem „gréissere Geldbetrag“ an der Natur Verschwonnen.

Lyon: Brigangen erbeuten 9 Millioune bei Geldtransportiwwerfall

Et ass Freideg an um 9 Auer verléisst ee gepanzert Gefier am 7. Arrondissement vu Lyon, eng Filial vun der „Banque de France“. U Bord vun der Camionnette sinn d‘Mataarbechter vun der Sécherheetsfirma Loomis entspaant, näischt deit drop hinn, datt wéineg Minutten drop de Chaos hiert Liewe wäert veränneren. An der Pierre-Sémard Strooss war d‘Faart fir de Geldtransporter eriwwer. Zwou Camionnetten haten de Fourgon an d‘Zaang geholl…

D‘Brigangen hunn net laang gezéckt an d‘Sécherheetsleit bedreet. Déi waren an der Stëmmung hiert Liewen ze riskéieren an hunn de Goss erausginn, iert d‘Brigangen de Geldtransporter an d‘Camionnette a Brand gesat hunn. Déi onéierlech Gesellen hu sech un Bord vun zwee weidere Gefierer duerch d‘Bascht gemaach. Déi goufe spéider vun der Police südlech vu Lyon opfonnt, Spuere gouf et allerdéngs wéineg, och des Gefierer waren ausgebrannt.

Lyon

© Parquet vu Lyon (handout)

Laut dem Parquet sollen d‘Brigange bei dëser Aktioun 9 Milliounen Euro erbeut hunn. De Salariéeë vun der Sécherheetsfirma géif et den Ëmstänn entspriechend gutt goen, esou eng Informatioun vun der Gewerkschaft „UNSA Transport de Fonds“. Et wier de Sécherheetsleit gelongen nees zréck an d‘Filial vun der Banque de France ze gelaangen, esou de Generalsekretär vun der Gewerkschaft, Stéphane Berger. D‘Police Judiciaire ass mat der Enquête beschäftegt.

Loomis… eng Zilscheif op Rieder

Geldtransporter vun der Sécherheetsfirma Loomis sinn ëfters d‘Zil vu bewaffenten Iwwerfäll an dee vu gëschter Moien, gëtt als ee vun de gréissten zanter dem Déifstall vun engem ganze Fourgon zu Lyon, am Joer 2009 bewäert. Deemools war de Brigang ee vun de Mataarbechter vun der Firma: de Mann, Toni Musulin, hat sech an d‘Geschichtsbicher androe gelooss, nodeems hie sech mat engem Wäert vun 11,6 Milliounen Euro a Loft opgeléist hat…

LyonDe Mann, deen 10 Joer fir Loomis geschafft hat, huet sech véierzéng Deeg méi spéit selwer der Police zu Monaco gestallt. 9,1 Milliounen Euro huet d‘Police uschléissend erëmfonnt an den Toni Musulin gouf zu 5 Joer feste Prisong verurteelt. Enn Juni 2019, war de Brigang nach emol zu London festgeholl ginn, wou hien eng gréisser Geldzomm wiessele wollt. Et sollt der Police awer net geléngen en Zesummenhang mat Déifstall vun 2009 hierzestellen.

Am Mee 2017 hat déi franséisch Police an der Haute-Savoie siwe Gauner aus de Géigend vu Lyon festgeholl. Déi haten ee Fourgon vu Loomis an der Schwäiz geknackt a 35 Milliounen Euro (Geld a veschiddene Währungen, Gold an Diamanten) erbeut. Dëse „Schatz“ konnt dann awer vun der Police nees opfonnt ginn. E Joer virdrun, hate véier Gauner 70 Kilo Gold-Polver (2,5 Milliounen Euro) zur Dardilly, och bei Lyon, aus engem Fourgon erbeut.

mat indymedia/lyo

Illustratioun: D‘Entreprise Loomis ass spezialiséiert op Geld- a Wäerttransporter, wat si natierlech zur Zilscheif vun der organiséierter Kriminalitéit mécht. (Archivfoto 2011, Paräis – Lionel Allonge -creative commons)

Related topics Frankräich, Geldtransport, Iwwerfall, Lyon, organiséiert Verbriechen
Next post Previous post