Europa-Tournée fir den Donald Trump
Haut geet dem amerikanesche President säin Tour duerch Europa lass.
Haut geet dem amerikanesche President säin Tour duerch Europa lass.
Säit e Mëttwoch ass et eng beschlosse Saach: den italienesche
Bei der Virstellung vum Bilan 2018 vum de Stater Hygiènesdéngscht
Zu Lyon (Frankräich) ass et gëschter am Nomëtten zu engem Uschlag op en orthodoxe Paschtouer komm. Éischten Informatiounen no soll den Täter eng Juegdflënt bei sech gehat hunn. D‘Police huet confirméiert datt de griichesche Kierchemann mat zwee Schëss blesséiert gouf an dat si eng der Dot verdächteg Persoun festgeholl hunn. D‘Hannergrënn zu dëser Dot sinn nach eppes onkloer.
Laut dem Parquet vu Lyon, dee mat der Enquête befaasst ass, wier de Paschtouer un der Liewer blesséiert ginn. Et sinn Ermëttlunge wéinst versichtem Mord an d‘Wee geleet ginn. Et soll sech bei dësem Incident net ëm eng reliéis motivéiert Dot handelen. De franséischen Inneminister Gérald Darmanin huet mat engem Tweet d‘Bierger opgeruff sech vum Tatort ewech ze halen.
Géint 19 Auer huet d‘Police an engem „Kebab“ eng Persoun verhaft, déi op d‘Signalement vun den Zeie gepasst huet. Bei der Festnahm war dës Persoun allerdéngs onbewaffent. Den Ament ass d‘Judiciaire domadder beschäftegt, d‘Identitéit vum Mann festzestellen an ze préiwe wéi dëse mat der Dot an Zesummenhang steet. De Parquet privilegiéiert zu Stonn kee besonnesch Piste.
Mat engem Tweet huet den EU-Rotspresident Charles Michel dës Attack schaarf verurteelt. Hie schreift, datt an Europa d‘Gewëssensfräiheet fir jidderee Garantéiert ass a muss respektéiert ginn. Gewalt wier onerdréiglech an ze verurteelen. Den Ugrëff op den orthodoxe Paschtouer huet sech nëmmen ee puer Deeg no de Messerattack vun engem reliéise Fanatiker zu Nice zougedroen.
An der Basilika hat een 21 järegen Tunesier zwou Persounen den Hals opgeschnidden, eng weider mam Messer déidlech verletzt. Als Konsequenz hat déi franséisch Regierung déi héchste Warnstuf ausgeruff an ugekënnegt de „Plan Sentinelle“ auszewäiten an d‘Zuel vun den agesaten Eenheeten ze verstäerken. D‘Mannstäerkt soll vun aktuell 3.000 op 7.000 ugehuewe ginn, esou den Elysée.
mat indymedia/lyo
Foto: Op e Paschtouer vun der griichesch-orthodoxer Kierch ass um Samschdeg zu Lyon geschoss ginn. D‘Faiten hunn sech an Saint-Lazare Strooss am 7. Arrondissement vun der Stad zougedroen. De Kierchemann wier ugegraff ginn, wéi hien am Begrëff war den Tempel zouzespären. © jp Valery / unsplash