Search

You may also like

COVID-19: Onnéideg Auslandsreesen ginn ofgeroden
Neiegkeeten

COVID-19: Onnéideg Auslandsreesen ginn ofgeroden

De Lëtzebuerger Ausseministère réit dovun of, onnéideg Reesen an d’Ausland

„Später“ vum Stephen King
Neiegkeeten

„Später“ vum Stephen King

Et ass nees Stephen King Zäit. Mat sengem neie Roman,

Doud duerch Stierfhëllef: An Zukunft als natierlech Doudesursaach ugesinn
Neiegkeeten

Doud duerch Stierfhëllef: An Zukunft als natierlech Doudesursaach ugesinn

No der Propositioun vum Vize-Premier a Gesondheetsminister Étienne Schneider huet

Macron schléit Le Pen

Macron schléit Le Pen

Wahl am Frankräich wéi erwaart ausgaangen

Mam Emmanuel Macron huet Frankräich sech dee jéngste President a senger Geschicht gewielt. No der Auszielung vun all de gëltege Stëmmen entfalen der 66% op de Kandidat vun „En Marche“. Eng Zuel déi sech däitlech unhéiert an awer relativiséiert muss ginn. Ëmmerhi géif dat bedeiten dat datt d’Marine Le Pen nach 34% vun de Wieler hätt kënne fir sech iwwerzeegen. Dofir ass et wichteg och ze wëssen datt 25% vun de Wahlberechtegten net gewielt hunn an och 9% vun den Wieler den sougenannten „vote blanc“ ofginn hunn.

Zuele schwätzen dann och eng méi däitlech Sprooch: Ageschriwwen op de Wahllëschte ware 47.448.929 Leit, dovunner sinn der 12.041.313 net wiele gaangen, 3.006.106 Ziedele sinn wäiss bliwwen an 1.060.696 waren ongëlteg. Dat bedeit engersäits datt den lénks-liberale Kandidat Macron mat 20.703.694 Stëmmen nëmmen 43,63% vun den Wieler iwwerzeegt huet an datt d’Populistin vum Front National mat 10.637.120 Stëmmen trotz allem nach 22,42% Zoustëmmung kritt huet. Domadder kréien d’Legislativen, déi an ee puer Méint ustinn, eng gréisser Bedeitung.

Europahymne amplaz Marseillaise

Wéi den Emmanuel Macron an den Bannenhaff vum Louvre betratt huet, fir sech iwwert 10.000 Unhänger ze stellen, wor et net d’Marseillaise déi gespillt ginn ass, mee d’Europahymne. Hien ass dann och gefeiert ginn a seng Freed huet hien zum Ausdrock bruecht: „Merci. Fir dat wou dir haut den Owend hei stitt Leidenschaft. Enthusiasmus. D’Energie vum franséische Vollek.“ Hien huet sech dann och ganz bewosst un déi adresséiert, déi net fir hien, mee fir d’Marine Le Pen ausgeschwat haten: „Dir hutt eng Roserei ausgedréckt, eng Verzweiwlung, deels och Iwwerzeegungen. Ech respektéieren dat. Awer ech wäert an den nächste fënnef Joer alles maachen, fir dat et kee eenzege Grond méi wäert ginn, d’Extremisten ze wielen.“

Fir de Front National ass d’Resultat da gläichzäiteg Victoire an Nidderlag. An der Stéchwahl haten sech d’Populisten erhofft d’40% Grenz ze iwwerschreiden. D’Marine Le Pen huet dann och ganz manéierlech dem neie President gratuléiert, mee huet awer schonn eng Iddi wéi et soll weider goen: „Mat dësem historeschen a massive Resultat hunn d’Fransousen déi Patriotesch a Republikanesch Allianz zur stäerksten Oppositiounskraaft vis-a-vis vum neie President gemaach. Déi politesch Formatioune, déi verantwortlech sonn, datt der Här Macron gewielt ginn ass, hu sech selwer diskreditéiert an hunn d’Berechtegung verluer eng glafwierdeg Oppositioun ze sinn.

Domadder steet fest dat d’Marine Le Pen bei de Parlamentswahlen am Juni déi stäerkste Kraaft wëll ginn an zu dësem Zweck hir Partei déifgräifend wäert mussen ëmbauen. Allerdéngs ass och um aneren Enn vum politesche Spektrum eng weider lass. De Leader vun den Ultra-lénken, Jean-Luc Melanchon, dee sech gläichfalls bei de Parlamentswahlen en Duerchbroch erhofft, huet sech och nach um Wahlowend d’Vollek adresséiert: „Ech ruffen déi siwe Millioune Mënschen op, déi sech ëm de Programm versammelt haten, vun deem ech de Kandidat waar, sech ze mobiliséieren a vereent ze bleiwen. Ob si elo fir den Här Macron gestëmmt hunn oder net. Eng Majoritéit am Parlament brauch awer och dee frësch gewielte President Macron, wann hien seng sozialliberal Reformen duerchsetze wëll.

Éischt Reaktiounen aus Lëtzebuerg

D’Corinne Cahen, Presidentin vun der DP, huet dann och nom bekannt gi vun de Resultater dem Emmanuel Macron zu senger „däitlecher“ Victoire gratuléiert: „Den Emmanuel Macron steet fir ee fortschrëttlecht an sozialliberaalt Frankräich am Géigesaz zu der zeréckuetesch gerieten an antieuropäescher Politik vun enger Marine Le Pen. Ech wënschen dem Emmanuel Macron fir déi nächst fennef Joer vill Kraaft an politescht Geschéck, fir Frankräich aus dem jorelaange Stëllstand ze féieren.

Och eise Premier Xavier Bettel (DP), dee beim Anne Will (ARD) ageluede war, huet eng interessant Ausso gemaach: „Ech wär frou ze wësse wou an deene leschte fënnef oder zéng Joer bei iergendenger Wal ee Spëtzekandidat bei senger Wal mat der Europahymne gekiert gi wär. Ech fannen et super an et sollt een net vergiessen, datt dat keng Europawahle waren, mee déi franséisch Presidentewahl.

Vun den anere Parteie war um Sonndeg Owend nach näischt ze héieren. Déi mussen sech wuel nach ee Moment iwwerleeë wat d’Wiel vum lénksliberalen Emmanuel Macron fir si als Partei an fir Lëtzebuerg insgesamt bedeit. Sécher ass awer dat Europa a villen Hisiichte gewonnen huet. Och Wirtschaftlech ass Frankräich mam Macron besser opgestallt, woubäi et fir d’Salariat nach net kloer ass wou d’Rees wäert higoen. Reforme stinn an d’Haus an de neie President wäert et net einfach gemaach kréien all seng Iddien duerchzesetzen. Wéi gesot, am Juni sinn d’Parlamentswahlen an do kënnen seng Kontrahenten him nach ee ferme Stréch duerch d’Rechnung maachen.

Next post Previous post