Search

You may also like

dislike
De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht
Neiegkeeten

De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gesäit kee Konflikt bei enger Entrevue

surprise
Ee gutt gefëllten Dagesprogramm fir de Regierungsrot
Neiegkeeten

Ee gutt gefëllten Dagesprogramm fir de Regierungsrot

De Mëttwoch war de Regierungsrot, ënnert der Leedung vum Premierminister

UN-Weltwaasserbericht: Geet eis d‘Drénkwaasser aus?
Neiegkeeten

UN-Weltwaasserbericht: Geet eis d‘Drénkwaasser aus?

Dës Nuecht ass den UN-Weltwaasserbericht offiziell verëffentlecht ginn, an d‘Nouvelle

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil

Vergaangene Freideg gouf den éischte Lifestyle Magazin vu Lëtzebuerg virgestallt: Mam Markenzeeche roude Lëppestëft begeeschter maddi.lu vun der éischter Sekonn un.

Bei der Launch-Party am Rooftop zu Dummeldeng war den Undrang grouss. De Publikum an d’Press ware gespaant op de Look an Contenue vum neien an éischte Lëtzebuergeschen Online Magasinn. No enger kuerzer Ried vun der Integratiounsministesch Corinne Cahen (DP) huet d’Chefredaktesch Mady Lutgen d’Wuert ergraff en de Site presentéiert.

Nieft de Beräicher Beauty, Deko a Fashion fënnt een hei och Kategorië wei Life an Soul. Dem Mady ass et nämlech wichteg, datt net nëmmen d’Ausgesinn am Virdergrond stoe soll, mee och dat séilescht Wuelbefannen. Hei gëtt beispillsweis EDMR-Therapie, déi Mady selwer och ausprobéiert huet, géint divers séilesch Problemer virgestallt.

maddi

© Shari Pleimelding/moien.lu

Dat glécklecht Ech am Virdergrond

Wien sech de Site ukuckt mierkt schnell, datt d’Chefredaktesch ee ganz perséinlechen Touch a Charm mat abréngt. D’Mady steet mat Häerz a Séil hannert dësem Projet, a genau dat spiert een och.

Nodeems Youtube an Beauty-Blogs zum Alldag vun der haiteger Gesellschaft gi sinn, stiecht Maddi.lu duerch verschidden Aspekter besonnesch eraus. D’Mady selwer iwwerzeegt, well hatt äusserlech net den typesche Cliché vun engem Lifestyle-Blogger entsprécht. Genau dat gefält dem Publikum a léist hat engem ganz no kommen.

maddi

© Shari Pleimelding/moien.lu

Den Austausch tëschent de Fraen, déi des Säit besichen, ass dem Mady besonnesch wichteg. Et soll eng enk Community entstoen, mat enger familiärer Atmosphär, an der een sech wuelfille soll, well Wuelbefanne schliisslech dat Wichtegst ass.

Op d’Fro, op d’Mady een Lifestyle-Tipp un een Politiker vun den aktuelle Walen hätt, äussert hatt de Wonsch, datt d’Politiker dem Publik solle méi no kommen a sech solle méi Zäit huele bei deene verschiddene Eventer, déi si besichen. Och hei geet Qualitéit iwwer Quantitéit a sou muss een net op all Dëppefest danzen, mee sech fir den eenzele Mënsch méi Zäit ariichten.

Et sollt ee ganz emotionalen Owend ginn, bei deenen och Freedentréinen gelaf sinn. Mee genau dat wéist, datt Maddi.lu net iergendeen gewéinleche Lifestyle Magazinn ass, mee scho bal een Tagebuch vun enger Fra, déi dem weibleche Publikum wierklech well weiderhëllefen, et ënnerhalen an wéi eng Frëndin am Alldag soll agéieren.

Ee Besuch op www.maddi.lu ass op alle Fall der Wäert. An dat schéinst ass: Dir kënnt all News an Beiträg zu all Zäit op ärem Handy, Tablet oder Computer kucken. Wien näischt well verpassen, sollt och emol op Facebook an Instagram luusse goen.

Fotoen: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Lifestyle, maddi.lu, Mady Lutgen, online Magazin
Next post Previous post