Search

You may also like

Lëtzebuerger Zentralbank: De Rot gouf nei zesummegestallt
Kultur Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerger Zentralbank: De Rot gouf nei zesummegestallt

Nodeems d’Mandater vum Pit Hentgen, Romain Schintgen a Claude Zimmer

Dausende Leit bedeelegen sech un der Jerusalemer Gay Pride
Kultur Neiegkeeten Stories

Dausende Leit bedeelegen sech un der Jerusalemer Gay Pride

Si waren zu hirer Dausenden op Jerusalem komm fir un

Den Hausspatz: Eise Vull vum Joer 2020 geschwënn op der Rouder Lëscht?
Kultur Neiegkeeten Stories

Den Hausspatz: Eise Vull vum Joer 2020 geschwënn op der Rouder Lëscht?

Bal jiddweree kennt eise gefierderte Kolleg, deem säin Numm och

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!

Ee satiresche Réckbléck op 2018 vum Jhemp Hoscheit

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!

De Jhemp Hoscheit huet nees seng satiresch Fieder gezéckt an alles, wat d’Joer 2018 iwwer geschitt ass, kritesch ënnert d’Lupp geholl. Et ass en ofwiesslungsräiche politsatiresche Réckbléck iwwert dat, wat uechter d’Welt geschitt ass, eng Chronik iwwert d’Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Kommentaren.

B: No den onorthodoxe Prestatiounen als Bakeschloer, Krawattekniwwler an Op-Glatze-Këssert test den EU-Kommissiounspresident Juncker, ier en an d’Pensioun geet – also e puer Méint viru sengem Strexit vu Stroossbuerg oder Brexit vu Bréissel –, nach ganz nei Begréissungsmethoden. Lo mécht en enger Fra d’Hoer wujeleg. Ech weess net, ob Der dat gesinn hat, mat der EU-Protekollcheffin?

A: Den Ischias mécht hien net nëmme wackeleg op de Been, mee och nach wibbeleg an den Hänn! Wann d’Theresa May lo nees bei him muss untrieden, fäert si och fir hir Coiffure.

Juncker (streckt seng Äerm aus): Theresa! May I tousle your hair?

May: No thanks, Jean-Claude! You said, I was nebulous!

B: Bei eiser neier Regierungsopstellung huet et an de Ressorten e bëssche gequiitscht wéinst e puer Wackelkandidaten. Awer lo steet Gambia II.

A: Pass op, wat s de sees! Gambia ass grad sou beleidegend wéi d’CSV Pafen ze nennen, warnt de Bausch.

B: Okay dann! Déi zweet antipafesch Regierung steet.

Dësen Text huet de Jhemp Hoscheit an enger gekierzter Fassung zesumme mam Museker Julien Arpetti, dee fir déi musikalesch Pointeë suergt – am Ufank vun hirer Liestournée – fir d’éischt de 15. Januar 2019 am Centre National de Littérature zu Miersch uropgefouert. Fir all déi, déi dëse Spektakel verpasst hunn, oder nach eng Kéier nei opliewe wëlle loossen, gëtt et de Programm lo och als Buch.

Den Auteur

De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, brauch literaresch Ofwiesslung: Ass ee Roman oder eng Kannergeschicht fäerdeg, muss hien eraus aus dem Gëschter, eraus aus der Fiktioun, eran an den Haut, an déi politesch Realitéit.

Wéi schonn am Sorry fir deen Duercherneen – Satiresche Réckbléck op 2016, deckt hien an deem neie politsatiresche Réckbléck Märd alors!!! – Satiresche Réckbléck op 2018 Mëssstänn op an entlarvt se. Doraus entsteet eng bësseg Zäitchronik iwwer déi national an international Aktualitéit – an natierlech och iwwer d’Walen am Oktober – déi mat kriteschen, schaarfen an iwwerspëtzte Kommentaren ënnert d’Lupp geholl gëtt.

Weider Informatiounen

Märd Alors!!! Satiresche Réckbléck op 2018 vum Jhemp Hoscheit
96 Säiten, 124 X 210 mm Softcover
ISBN 978-99959-42-51-9
Präis: 15 €

Related topics Buch, Editions Guy Binsfeld, Jhemp Hoscheit, Märd alors!!!, Réckbléck, Satire
Next post Previous post