Mäerderesche Museksfestival zu Houston

Beim Astroworld Festival am US-Bundesstaat Texas, sinn entspriechend dem leschte Bilan vun den Autoritéiten, 8 Mënsche gestuerwen, 25 goufen an d‘Spideeler iwwerstallt, iwwer d‘Ausmooss vun de Verletzungen ass näischt gewosst. Alles an allem ass rieds vun 300 blesséiert Zuschauer.

Entspriechend den Autoritéiten, ass et beim Optrëtt vum US-Rapper Travis Scott zu engem grousse Mouvement a Richtung Bün komm. De Kommandant vun de Houstoner Pompjeeën, Samuel Pena, erkläert: „De Public hat ugefaangen sech virun der Bün zesummenzedrängen, wouduerch et wuel zur Panik komm ass. Mënsche sinn an d‘Schwächt gefall, wat weider Panik mat sech bruecht huet“.

Iwwersat: d‘Affer déi et ze bekloen huet, si reegelrecht doutgetrëppelt ginn. Eelef Mënschen, esou de Samuel Pena Weider, hätten en Häerzstëllstand erlidden. Déi meescht konnten awer nach op der Plaz reaniméiert ginn. De Procureur vun Houston huet eng ëmfaassend Enquête ugeuerdent an zur Stonn ass d‘Police mat der Auswäertung vun de sëllege Videobiller an Zeienaussoe befaasst…

De Festival – eng Eegeproduktioun vum Rapper Scott Travis – deen eigentlech zwee Deeg dauert, gouf aus verständleche Grënn ofgebrach. Laut dem Organisateur waren um Freideg 50.000 Gäscht uwiesend. Den Astroworld Festival riicht sech un en éischter jonke Public, firwat et net verwonnert, datt ënnert den 8 Affer zwee Teenager ze notéiere sinn. De Buergermeeschter huet Stellung bezunn.

Scho beim Alass, huet sech ofgezeechent, datt d‘Organisateuren d‘Situatioun net ënner Kontroll haten, wat een a punkto Disziplin, wéi der Zuucht an Uerdnung, esou aus dësem Bundesstaat net gewinnt ass.

Bei der Pressekonferenz um Samschdeg, huet de Sylvester Turner erläutert datt d‘Affer tëscht 14 a 27 Joer jonk waren, bei engem Affer hätt een den Alter nach net determinéiere kënnen. Aus Grënn konnte bis zur Pressekonferenz och nëmme sechs Familljen informéiert ginn. Vun de 25 Leit déi an d‘Spidol bruecht goufe sinn der 13 a Behandlung, dorënner en 10 järegen a kritescher Konditioun.

Och de Scott Travis – mam biergerlechen Numm Jacques Berman Webster II – huet sech zum schreckleche Virfall positionéiert. Dat wéi et sech jo an der haiteger Welt esou gehéiert, iwwert de Messengerdéngscht Twitter. Hei schreift den 29 järege Rapper: „Meng Gebieter gëllen de Familljen an all deenen, déi vun deem wat sech beim Astroworld Festival zougedroen huet betraff sinn“.

mat indymedia/hou

Foto: © coquet coquette /STL

Dernières nouvelles