Mäerderesche Schoulbesuch

US-Bundesstaat Michigan: 15 järege Schüler erschéisst dräi Komeroden op der Oxford High School

D‘Oxford High School, de Schoulkomplex vun Oxford Township, enger amerikanescher Klengstad mat ronn 22.000 Awunner, ass eng fofzeg Kilometer nërdlech vun Detroit geleeën. Laut den Autoritéiten hätt et am Virfeld zur Tragedie Dreeunge géint d‘Etablissement ginn. Wat zu dëser Dot gefouert huet, ass bis ewell och éischter rätselhaft…

Et war de Policechef vun Oakland County, Mike McCabe, deen de Verlaf vun der Dot erkläert huet. Gewosst ass, datt den Teenager mat enger Waff d‘Schoulgelänn betrueden, an hei dräi Schüler erschoss, an nach emol aacht weider Persounen deels schwéier blesséiert huet. De 15 järegen Täter wier bannent Minutten no der Dot vu Poliziste festgeholl ginn. Beim Schüler konnten eng hallef-automatesch Waff a weider Chargeure séchergestallt ginn.

Fir zwee vun de Verletzte soll ee bieden, wat éischter kee gutt Zeechen ass, déi aner sechs wieren awer elo an engem „stabillen Zoustand“. Bei den Doudesaffer handelt et sech ëm zwee Meedercher vu 14 a 17 Joer, an engem Jong vu 16 Joer. De Mike McCabe huet weider erkläert, datt et nach ze fréi wier fir eppes zu engem méigleche Motiv ze soen. Den Teenager wier net Policebekannt an et wéilt een elo Spueren an de sozialen Netzwierker sichen.

Vu Rumeuren a Vandalismus

Eng Erzéiungsberechtegt, där hire Bouf am Ofschlossjoer op der Oxford High School ass, huet bericht, datt dëse gëschter net an d‘Schoul gaange wier, well et Rumeuren hat. Et hätt Dreeunge géint d‘Schoul ginn. Hien an aner Schüler, déi vun dëser „Bedreeung“ héieren hätten, wieren aus „preventivem Grond“ net an d‘Schoul gaangen. Ob si hir Bedenke gedeelt hunn ass net gewosst.

Gewosst ass awer, datt d‘Direktioun vun der Schoul, kierzlech zwee Bréiwer vun Elteren op de Site vun der Schoul gestallt hat. Déi haten op Gerüchter reagéiert, déi sech mat Bedreeungen no engem Akt vu Vandalismus beschäftegt hunn. De 4. November hat de Schouldirekter Steve Wolf, och mat engem Schreiwes, drop higewisen, datt en „Onbekannten“ de Kapp vun engem Hirsch an ee vun de Bannenhäff gehäit huet. Et wieren och Fënstere mat rouder Faarf beschmiert ginn, esou d‘Info.

Schéisserei

Am Schreiwes vum 12. November, huet d‘Schouldirektioun verséchert, datt et keng Dreeunge géint d‘Schoul an/oder Schüler/Enseignanten hätt. Dat soll elo awer nach emol vun den Enquêteure méi genee iwwerpréift ginn. D‘Gouverneurin vum Michigan, Gretchen Whitmer, huet den Affer hiert Bäileed ausgedréckt a mengt, datt: „Waffegewalt eng Kris vun der ëffentlecher Gesondheet ass“.

mat indymedia /chi

Dernières nouvelles