Search

You may also like

Open Market Days: Een erfollegräiche Virgeschmaach op Esch2022
International Neiegkeeten

Open Market Days: Een erfollegräiche Virgeschmaach op Esch2022

Vum 20. bis den 22. Februar krut een ee multimediale

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“
International Neiegkeeten

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“

Den OGBL informéiert, datt d‘Baufirma „Mir Bauen Sàrl“ an den

Glous – Eng politesch total inkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung
International Neiegkeeten

Glous – Eng politesch total inkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung

„Fréier war alles besser“ gëtt ëmmer nees gesot. Dobäi war

Mäerderescht Paräis: Geckeg Fra soll no Sträit mat Noper Haus a Brand gestach hunn

Mäerderescht Paräis: Geckeg Fra soll no Sträit mat Noper Haus a Brand gestach hunn

Bei engem gräissleche Feier am 16. Arrondissement zu Paräis, sinn 10 Persoune verbrannt, an op mannst 37 weider Persoune blesséiert ginn. Fir d‘Justiz ass d‘Feier an der Nuecht vum 4. op de 5. Februar absichtlech geluecht ginn. Eng Bewunnerin vum Gebai war festgeholl ginn.

D‘Flamen hu sech an de Paräisser Nuetshimmel erhuewen, Mënschen, wäit aus de Fënstere geleent, hunn no Hëllef gejaut, aner Bewunner vum Appartementshaus hu versicht sech op den Dach vum Gebai ze gelaangen. Wien d‘Flamen ze no komm sinn, ass gesprongen… Dës Biller stamen aus dem 16. Arrondissement vun der franséischer Haaptstad, engem „Quartier“ deen als Schick gëllt.

Fir dësem Drama Här ze ginn, waren eng 250 Pompjeeën op der Plaz. Si hunn d‘Leit deels laanscht d‘Hauswand ofgeseelt, während d‘Flamen aus de Fënstere geschloen hunn. Fir sech mat eegenen Ae virun Uert e Bild ze maachen, war och de Minister fir Stadentwécklung a Wunnengsbau, Julien Denormandie, ugereest. Hie hat sech séier iwwer d‘Schwieregkeete vun der Operatioun informéiert.

D‘Appartementshaus, datt gebrannt huet, befënnt sech an engem Haff. Doduerch ass den Zougang fir d‘Pompjeeën erhieflech erschwéiert ginn, en direkten Accès fir eng Dréileeder ass net ginn. Hei war Handaarbecht ugesot, et hu misse Leederen erbäibruecht ginn, an d‘Feier konnt nëmme vun engem Stack zum anere bekämpft ginn. Laut dem Minister war et e komplexen Asaz.

Wéi et dozou soll komm sinn

Gewosst ass den Ament, datt eng Fra déi och am Haus gewunnt huet, festgeholl ginn ass. Der 40 järeger gëtt virgeworf d‘Feier geluecht ze hunn. Laut der Police, déi mat der Enquête betreit ginn ass nodeems ersiichtlech war datt d‘Feier e kriminellen Ursprong huet, hätt dës Tragedie e Méindeg am spéiden Owend (22.30 Auer) mat engem Sträit ënner Noperen ugefaangen…

Eng jonke Mann, selwer Pompjee, soll seng Nopesch gebueden hunn, d‘Nuetsrou ze respektéieren an eppes manner Kaméidi ze maachen. En Noper huet dësen Disput a sengem ganzen Ëmfang den Enquêteure erzielt. De jonke Mann hat sengersäits d‘Police geruff, déi komm ass a sech am Quartier ëmgekuckt huet. Wéi d‘Beamten nees fort waren, soll d‘Fra um Palier feier geluecht hunn.

Paräis

Well d‘Appartementshaus an engem „Haff“ erriicht ginn ass, war et de Pompjeeën net méiglech, mat hirem schwéiere Gerät, un d‘Gebai ze kommen. Wéi um Bild ze gesinn, ass den Asaz vun der Dréileeder duerch déi Haiser behënnert ginn, déi virum Appartementshaus stinn. © Paul-Henri Hallalen (via Twitter)

Géintiwwer de Kollege vum „Parisien“ huet en Awunner ausgesot: „Ech hunn héiere wéi si dem Mann gesot huet: wann‘s de dech beweegs, bass de Dout! (…) Wéi ech nees a meng Wunneng wollt, sinn ech hir um Stack begéint a hu gesinn, datt si de ganzen zweete Stack a Brand gestach hat“. An tëscht soll d‘Fra nach weider mam Feier gespillt hunn, iert se vun der Police gestoppt gouf.

Psychesch Problemer?

De Verdacht géint an d‘Verhaftung vun der Fra, huet de Paräisser Procureur, Rémy Heitz, nach an der Nuecht bestätegt. D‘Enquête bezitt sech op: Brandstëftung mat Doudesfolleg. Wéi et heescht, soll déi 40 Joer al Fra schonn eppes méi laang psychesch Problemer hunn. Si wier elo verhaft ginn an no Concertatioun an d‘Psychiatrie agewise ginn. Méi war vum Procureur net gewuer ze ginn.

Wat erauszefanne war: d‘Fra war nach bis de leschte Mëttwoch, 30. Januar, an der Psychiatrie. An de vergaangenen zéng Joer, soll sech dës Persoun 13 mol enger länger Behandlung ënnerzunn hunn. Opgrond dem geeschtegen Zoustand vun der Fra, ass et net méiglech si an Untersuchungshaft ze huelen. Iwwer weider Schrëtt, juristesch wéi medezinesch, muss elo e Riichter entscheeden.

Wat d‘Gebai betrëfft, a well och ëmmer d‘Insalubritéit vun den Appartementshaiser am Frankräich muss erwähnt ginn, esou steet et an engem „éischter“ schicke Quartier. Et ass zudeem mat 50 Joer keen „aalt“ Haus. De Minister, Julien Denormandie, huet sengersäits bemierkt, datt d‘Gebai virum Brand an engem gudden Zoustand war. Elo misst gekuckt ginn op et nach bewunnbar ass…

mat indymedia/par

Foto: D‘Feier am aachtstäckege Gebai hat sech, duerch d‘ausleeë vu Brandbeschleuneger Rapid ausgebreet. Et war kuerz no Mëtternuecht, wéi no engem Noperschaftssträit d‘Tragedie säi Laf geholl huet. Am Feier sinn 10 Mënsche verstuerwen, 37 goufe blesséiert. © Police/Pref.Pol.Par.

Related topics 16. Arrondissement, Feier, Julien Denormandie, Minister fir Stadentwécklung, Paräis, Pompjeeën
Next post Previous post